De Roger Fandel, gebuer den 9. Abrëll 1951 zu Munneref, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.[1]

Roger Fandel
Gebuer 9. Abrëll 1951
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp FC Aris Bouneweg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
1997/98: De Roger Fandel no sengem leschte Match als Trainer vum FC Blo-Wäiss Izeg

Tëscht dem 10. Dezember 1972 am 1. Mee 1979 huet de Roger Fandel véieranzwangegmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Hien huet seng aktiv Karriär bei der US Munneref a bei der Aris Bouneweg verbruecht. Hien huet fir déi 2 Veräiner vun 1967-1984 am Ganzen 299 Matcher gespillt, ier hien 1989/90 Spiller-Trainer beim FC Blo-Wäiss Izeg gouf.

Mat den Izeger ass him 1990/91 den Opstig an d'1. Divisioun gelongen, wou hien de Veräin och bis zu sengem Ofgang etabléiert huet. 1996 goung dem Roger Fandel seng aktiv Karriär definitiv op en Enn an hie blouf zu Izeg nach zwou Saisonen als Trainer. Als Foussballtrainer huet hien duerno d'AS Réimech an den FC Red Star Märel-Belair trainéiert, an ass ewell Jugentrainer bei sengem Heemechtsveräin, der US Mondorf.

Referenzen änneren

  1. De Roger Fandel op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Roger Fandel op der Websäit vun European Football