Roco Modelleisenbahn GmbH (fréier Roco Modellspielwaren GmbH) ass eng éisträichesch Entreprise déi sech an der Fabrikatioun vu Modelleisebunne spezialiséiert huet.

Roco Modelleisenbahn GmbH
Typ GmbH
Slogan It's a Man's World.
Grënnungsdatum 1960
Sëtz Bergheim, Éisträich
Mataarbechter 500 (2011)
Branche Modelleisebunnen
Homepage www.roco.cc
Analog-Transformator vu Roco

Geschicht änneren

D'Roco Modellspielwaren GmbH gouf 1960 vum Heinz Rössler gegrënnt, an huet ufanks nëmme Modeller vu Militär-Gefierer hiergestallt, déi sougenannt „Roco minitanks“. Duerch de riseg groussen Erfolleg ass et Roco gelongen, an d'Fabrikatioun vu Modelleisebunnen (Moossstief H0, N an TT) eranzeklammen.

Déi Modeller hu sech virun allem duerch hir technesch a präislech Iwwerleeënheet zur Konkurrenz konnten duerchsetzen. Representéiert goufe virun allem Lokomotiven a Wagonen aus Däitschland, Éisträich, Schwäiz, Frankräich, der Belsch, den USA an och vu Lëtzebuerg.

2005 ass d'Roco Modellspielwaren GmbH (wéi och aner Modelleisebunns-Hiersteller) faillite gaangen. De 25. Juli huet se dunn de Besëtzer gewiesselt, an ass zanterhier eng Duechtergesellschaft vun der Modelleisenbahn Holding GmbH, ënner dem neien Numm „Roco Modelleisenbahn GmbH“. 2008 huet d'Modelleisenbahn Holding och d'Konkurrenz Fleischmann opkaf. Zanterhier huet Roco d'Produktioun vun N-Spuer-Artikelen opginn. Och d'Produktioun vun de minitanks huet Roco 2007 un Herpa ofginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Roco – Biller, Videoen oder Audiodateien