D'Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG ass eng däitsch Entreprise déi sech ausschliisslech an der Produktioun vu Modelleisebunne spezialiséiert huet.

Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG
Typ GmbH
Slogan Die Modellbahn der Profis.
Grënnungsdatum 1887
Sëtz Heilsbronn, Däitschland
Mataarbechter 180 (2010)
Ëmsaz 50,7 Mio. € (2010)
Branche Modelleisebunnen
Homepage www.fleischmann.de
Damplokomotiv T10 vu Fleischmann (H0)

Geschicht änneren

D'Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG gouf 1887 vum Jean Fleischmann gegrënnt an huet bis 1939 nëmme Blechspillgezei, wéi z. B. Schëffer, Fligeren a magnéitesch Schwammdéieren, hiergestallt. 1938 huet Fleischmann d'Firma Doll & Co. an hiert besteeënd Sortiment un Dampmaschinnen a Spuer-0-Modelleisebunnen iwwerholl. Zanterhier huet Fleischmann och selwer nei Modeller entwéckelt, a 1939 gouf den éischte Modell aus eegener Entwécklung verkaf. 1969 gouf mat der Produktioun vun Dampmaschinne wéinst feelender Nofro opgehalen.

Zanter 1949 produzéiert Fleischmann haaptsächlech fir Gleichstroum-System. Mat der Produktioun vu Spuer-0-Modelleisebunnen huet schonn 1959 missen opgehale ginn, well Fleischmann sech domat net méi géint den erfollegräichen H0 konnt duerchsetzen. 1969 huet Fleischmann och en neit Spuer-N-Sortiment virgestallt, mam Numm „Fleischmann Piccolo“.

Ufanks 2008 ass Fleischmann du vun der Modelleisenbahn Holding GmbH opkaf ginn, där och de Konkurrent Roco gehéiert huet. Fleischmann huet duerno d'komplett N-Sortiment vu Roco iwwerholl. Zanterhier läit och do de Schwéierpunkt vun der Produktioun, an nëmmen nach e puer klassesch Modeller (bis 1950) ginn an H0 verkaf.

Um Spaweck änneren

Commons: Fleischmann – Biller, Videoen oder Audiodateien