Joan Douglas-Dillon

franséisch Herzogin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Joan Douglas-Dillon gebuer den 31. Januar 1935 zu New York, ass eng amerikanesch Geschäftsfra. Si ass d'Presidentin vum Domaine Clarence Dillon S.A. der Exploitatiounsgesellschaft vun de Wäiner vum Château Haut-Brion.

Joan Douglas-Dillon
Gebuer 31. Januar 1935
New York
Famill
Bestuet mat James Brady Moseley, Charles vu Lëtzebuerg, Philippe de Noailles
Papp C. Douglas Dillon
Mamm Phyllis C. Ellsworth
Kanner Prinz Robert vu Lëtzebuerg, Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg, Joan Dillon Moseley

Si ass d'Duechter vum fréieren amerikanesche Finanzminister C. Douglas Dillon an deem senger Fra Phyllis Chess Ellsworth.

Den 1. August 1953 hat si sech zu Paräis mat dem James Brady Mosely (1931-1998) bestuet, gouf awer schonn zwee Joer duerno den 12. Dezember 1955 vun him gescheet.

Den 1. Mäerz 1967 gouf si zu Guildford, Grofschaft Surrey an der St. Edwards Kierch mam Prënz Charel vu Lëtzebuerg bestuet.

Nom Doud vum Prënz Charel huet si sech erëm den 3. August 1978 zu Islesboro am Maine mam Philippe de Noailles, duc de Mouchy, bestuet an ass haut d'Duchesse de Mouchy. Si wunnt zu Paräis, pendelt awer vill tëscht Paräis a Bordeaux, wou si beim Wäigutt vun der Famill dem Château Haut-Brion zu Pessac Éierepresidentin vum Verwaltungsrot ass. Un der Verwaltung vum Wäigutt sinn och hir zwee Kanner aus dem Bestietnes mam Prënz Charel, de Robert als PDG an d'Charlotte bedeelegt.

Um Spaweck änneren