Robert Paul Kraft

amerikaneschen Astronom

De Robert Paul Kraft, gebuer de 16. Juni 1927 zu Seattle a gestuerwen de 26. Mee 2015 zu Santa Cruz, Kalifornien war en US-amerikaneschen Astronom.

Robert Paul Kraft
Gebuer 16. Juni 1927
Seattle
Gestuerwen 26. Mee 2015
Nationalitéit USA
Educatioun University of Washington,
University of California
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun, American Astronomical Society

Liewen änneren

De Robert Paul Kraft huet op der University of Washington studéiert. 1955 huet hien an Astronomie op der University of California, Berkeley beim George Herbig promovéiert. Vun 1967 u war hie Professer op der University of California, Santa Cruz an huet kuerz duerno de Lick-Observatoire fir fënnef Joer als "acting director" geleet. Vun 1981 bis 1991 war hie Chef vum Lick-Observatoire.

Enn vun den 1990er Joren hat hien zesumme mam Donald Osterbrock, an den däitschen Astronomen Werner Pfau an Theodor Schmidt-Kaler verhënnert, datt d'Graf vum Walter Baade zu Bad Salzuflen dem Buedem sollt gläich gemaach ginn. De Walter Baade war ee vun de bedeitendsten Astronomen vum 20. Joerhonnert.

De Kraft war vun 1974 bis 1976 President vun der American Astronomical Society a vun 1997 bis 2000 President vun der Internationalen Astronomescher Unioun.

Wierk änneren

Dem Kraft säin Haaptaarbechtsgebitt waren d'Stären an hir Elementheefegkeete souwéi d'cheemesch Entwécklung vun der Mëllechstrooss. Hien hat d'Rotatioun vun de Stären an d'Eegenschafte vu verännerleche Stäre wéi z. B. d'Cepheiden ënnersicht.

Auszeechnungen an Éierungen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren