De Robert Castel, gebuer de 27. Mäerz 1933 zu Saint-Pierre-Quilbignon, haute Quartier vu Brest, a gestuerwen den 12. Mäerz 2013 zu Vincennes, war e franséische Soziolog. Hie schafft op der École des Hautes Études en Sciences Sociales a gouf staark vum Pierre Bourdieu a Michel Foucault beaflosst.

Robert Castel
Gebuertsnumm Robert Paul Castel
Gebuer 27. Mäerz 1933
Saint-Pierre-Quilbignon
Gestuerwen 12. Mäerz 2013
15. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Soziolog, Anthropolog

An den 1960er Joren huet hie mam Pierre Bourdieu zesummegeschafft an huet sech fir Psychoanalys a Psychiatrie intresséiert. Hien ass och staark um Phenomeen vum sozialen Ausschloss (Exclusioun) intresséiert.

De Castel probéiert ze verstoen, firwat datt Lounaarbecht - wat fréier keng sou respektéiert sozial Positioun war - no an no ee Modell ginn ass fir ee soziale Status mat enger bestëmmter sozialer Identitéit.

Hien ass Matgrënner vum Grupp GRASS - Groupe d'analyse du social et de la sociabilité.

Bibliographie änneren

  • Le psychanalisme, 1973
  • L'ordre psychiatrique. L'âge d'or de l'aliénisme, 1976
  • La gestion des risques
  • La société psychiatrique avancée 1982
  • Les métamorphoses de la question sociale, une chronique du salariat 1995
  • Propriété privée, propriété sociale, propriété de soi
  • L'insécurité sociale - qu'est-ce qu'être protégé?