Lord Protector war an England am Mëttelalter den Titel vun engem Regent.

Goldmënz vum Commonwealth of England mam Portrait vum Oliver Cromwells als Lord Protector mat Lorberkranz a réimescher Toga

Bekannt gouf en awer virun allem an der kuerzer Phas vun der brittescher Geschicht, wéi Groussbritannien vu 1653 bis 1659 eng Republik war. Zwéi Staatscheffen haten deen Titel: Den Oliver Cromwell a säi Jong, de Richard Cromwell.

Geschicht änneren

Nodeems den Charles I. vun England 1649 gekäppt an domat d'Monarchie an England ofgeschaaft gi war (kuckt: Englesch Revolutioun), huet den Oliver Cromwell probéiert, eng nei Verfassung op d'Been ze setzen, wat awer näischt gouf. Geschwënn huet hien dat gemaach, wat e virdrun dem Kinnek virgeworf hat: 1653 huet en an engem Staatsstreech d'Parlament opgeléist an eng Militärdiktatur agefouert, als där hire Chef hien den Titel Lord Protector ugeholl huet.

Wéi den Oliver Cromwell 1658 gestuerwen ass, huet säi Jong Richard d'Amt an den Titel iwwerholl. Hie konnt sech awer weeder bei der Arméi nach bei der Bevëlkerung duerchsetzen an huet am Fréijoer 1659 ofgedankt. Dat huet de Wee fir eng Restauratioun vun der Stuart-Kinneksfamill ënner dem Charles II., d'Joer drop fräigemaach.

Literatur änneren