Remo-Cavallini-Band
lëtzebuergesch Bluesmuseksgrupp
(Virugeleet vu(n) Remo Cavallini Band)
D'Remo-Cavallini-Band ass eng lëtzebuergesch Bluesmuseksgrupp, déi am Joer 2009 gegrënnt an nom Lead-Gittarist Remo Cavallini genannt gouf.
Remo-Cavallini-Band | |
---|---|
Museksgenre | Blues |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2009 |
Websäit | www.remocavallini.com |
Memberen |
Remo Cavallini (Gittar, Gesank) René Macri (E-Bass) Jeff Herr (Batterie) Pit Kuffer (Trompett) Fernand Neumann (Tenor-Saxofon) Priscila Da Costa (Gesank, backing vocals) |
Der Remo-Cavallini-Band hir Musek ass déif am Blues verwuerzelt, si vermëscht sech awer dacks mat Elementer aus Rock, Jazz a Funk. Dem Remo Cavallini säi Gittarestil ass vu follgende Museker beaflosst: Jimi Hendrix, Stevie Ray Vaughan, B. B. King, Peter Green, Albert Collins a Gary Moore.
Bis ewell huet d'Remo-Cavallini-Band als Virgrupp ë. a. fir follgend Blues-Legende gespillt: Ten Years After, Johnny Winter, Steve Lukather, Lucky Peterson, ZZ Top, Louisiana Red, Scott Henderson.
CDen
änneren- 2009: Authentic South
- 2014: Self Control
- 2017: The Last Blues From 29
Literatur
änneren- Molinaro, Claude, 2018. Süd-Stad-Blues. Interview: Remo Cavallini und sein Album "The Last Blues From 29". Tageblatt 47: 21 (24-25.02.2018).