Regional Juegdkommissioun

Eng regional Juegdkommissioun schafft d'Propose vun de Bejoungspläng fir den Ëmweltministère aus. Si gëtt och dem Minister hiren Avis, am Fall wou e Piechter säi minimale Bejoungsplang net erfëllt huet.

Am Land gëtt et fënnef regional Kommissiounen, déi déi selwecht Limitte[1] wéi d'Bezierker vun der Natur- a Bëschverwaltung hunn. All Kommissioun huet siwe Memberen, déi vum Minister ernannt ginn[2].

Referenzen an Notten änneren

  1. ANF Limitten vun de Bezierker
  2. Ministeriellen Arrêté vum 10. September 2017