Regierung Thilges
D'Regierung Thilges war vum 20. Februar 1885 bis den 22. September 1888 am Amt.

Spekulatiounen op der Bourse, vun deenen de Félix de Blochausen duerch Insider-Wësse profitéiert huet, féieren dozou, datt hien zerécktriede muss. Op d'Demande vum Kinnek-Groussherzog proposéiert den Emmanuel Servais eng nei Regierung, mat un der Spëtzt dem Édouard Thilges.
Zesummesetzung vun der Regierung
ännerenD'Regierung besteet weiderhin aus véier Generaldirektiounen, déi follgendermoosse besat sinn:
- Édouard Thilges: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen[1]
- Paul Eyschen: Generaldirekter fir d'Justiz
- Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur
- Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen
Mat der Demissioun vum Staatsminister Thilges aus gesondheetleche Grënn[2], gëtt seng Regierung den 22. September 1888 opgeléist[3].
Politesch Entwécklung
ännerenËnnert der Leedung vum Generaldirekter fir d'Finanzen, Mathias Mongenast, geet et dem Land gutt. D'Entwécklung vum Zollveräin an den Opstig vun der Stolindustrie garantéieren dem Staat stännege Recetten. Grouss Zomme ginn an d'Fäerdegstellung vum Reseau vun der Vizinaleisebunn investéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Legilux: Arrêté royal grand-ducal du 20 février 1885 portant nomination de M. Ed. Thilges aux fonctions de ministre d'Etat, président du Gouvernement - Legilux, accessdate: 26 November 2023
- ↑ cf. Guy Thewes, S. 52
- ↑ Legilux: Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1888 accordant à M. Thilges démission honorable de ses fonctions de ministre d'État, président du Gouvernement. - Legilux, accessdate: 26 November 2023