Reforméiert Kierchen
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'reforméiert Kierche si Kierchegemeinschaften, déi aus der Reformatioun an der Schwäiz ervirgaange sinn a vum Ulrich Zwingli a Jean Calvin gegrënnt goufen. Si hu sech vum Lutherianissem ofgegrenzt.
Geschicht
ännerenNom Zwingli sengem Doud (1531) huet de Calvin déi nei Léier definéiert an hir Eegenart vis-à-vis vum Luther senger Theorie festgeluecht. Virun allem huet hien eng straff Organisatioun agefouert.
Nodeem d'reforméiert Léier sech méi oder wéineger an Däitschland, a Frankräich, an der Schwäiz, a Béimen an an Ungarn breet gemaach hat, koum et hei an do zur Spléckung an och zur Grënnung vu sougenannte Fräikierchen. Sou erkläre sech all déi verschidden Tendenzen am Protestantismus: Calvinisten, Anglikaner, Puritaner, Presbyterianer, asw.
Zanter 1921 si se am "Reforméierte Weltbond" zesummegeschloss.
Eegenart
ännerenDe Gottesdéngscht ass einfach. An de Kierche gëtt et keng Biller.
D'Léier ënnerscheet sech vun de lutheresche Kierchen duerch:
- d'Opfaassung vun der Owesmoolzecht,
- d'Betounung vum Individualissem.