Recep Tayyip Erdoğan
President vun der Republik Tierkei
(Virugeleet vu(n) Recep Tayyip Erdogan)
De Recep Tayyip Erdoğan [ˈɾɛdʒɛp ˈtɑːjip ˈɛɾdɔːɑn], gebuer de 26. Februar 1954 zu Istanbul, ass en tierkesche Politiker. Hien ass zëner dem 28. August 2014 den zwielefte President vun der Republik.
Recep Tayyip Erdoğan | |
---|---|
Gebuer | 26. Februar 1954 |
Nationalitéit | Tierkei |
Aktivitéit | Staatsmann |
Den Erdoğan war vun 1994-1998 Buergermeeschter vun Istanbul a vu Mäerz 2003 bis August 2014, iwwer dräi Legislaturperioden, Ministerpresident vun der Tierkei.
Vun 2001 bis 2014 war hien den éischte President vun der islamesch-konservativer Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP).