Raymond Petit (Sculpteur)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sculpteur Raymond Petit. Fir de Resistenzler, kuckt wgl. Raymond Petit (Resistenzler).

De Raymond Jean-Marie Petit, gebuer de 26. Oktober 1954, ass e lëtzebuergesche Sculpteur.

Raymond Petit
Gebuer 26. Oktober 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Sculpteur

Nom Athénée zu Lëtzebuerg huet hie Philosophie, Politikwëssenschaft an Ekonomie um Balliol College zu Oxford an international Bezéiungen op der School of Advanced International Studies vun der Johns Hopkins University, Washington D.C. studéiert a mat engem MA Oxon an engem MA SAIS ofgeschloss. Wärend sengem Studium an de Vereenegte Staate vun Amerika, huet de Raymond Petit sech an d'Welt vun der Skulptur ageschafft, woubäi hien 1972-73 a verschiddene Coursen op der William Howard Taft High School zu Los Angeles gaangen ass.

Ausserdeem huet hien 1973-75 Owescoursen an der Skulptur, Aarbechten a Géissen am Gips an am Bëtong am Lycée des arts et métiers zu Lëtzebuerg beluecht an hat 1975 verschidde Rencontre mam Lucien Wercollier.

Dem Raymond Petit seng Wierker goufen ënner anerem zu Lëtzebuerg, London, Bréissel, Rotterdam, Tokyo, Mailand oder Innsbruck ausgestallt.

Zu senge Wierker zielen Aarbechten am ëffentlechen Optrag, dorënner eng Skulptur an der Entrée vum Lycée technique Michel Lucius an der Stad Lëtzebuerg (1979), d'Monumentalskulptur „Arc/Deux personnes“ am Park vum Therapiezentrum zu Useldeng (1989), eng am Foyer vun der Gemeng Hesper, d'Monument fir d'Krichsaffer an der Gemeng Nidderaanwen (1995) an d'monumental Skulptur virum CIPA an der selwechter Gemeng (1998).

Dem Raymond Petit seng Wierker zeechne sech duerch hire puristesche Stil aus, woubäi d'Persoun an déi zwëschemënschlech Bezéiunge Theme sinn, déi op eng konstant Aart a Weis a senge Skulpture ausgeschafft ginn.

Hien ass och den Auteur vum Buch: "Everything you always wanted to know about EUROPEAN UNITY but forgot to remember" EUROPEAN UNITY

"Icarus", Holywell Manor, Balliol College, Oxford (UK), 2009
"Arc/Deux personnes" vun 1988 am Park vum C.T.U. zu Useldeng

Eenzelausstellungen: änneren

  • 1976: Galerie "La Scatola", Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1978: Oxford Union Society, Oxford (UK)
  • 1979: Ateliersausstellung, Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1981: Ateliersausstellung, Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1983: Ateliersausstellung, Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1987: Galerie "Le Cadre", Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1987: Centre "Ligue HMC", Capellen (L)
  • 1994: Galerie "Charly's Gare", Hueschtert (L)
  • 1995: Galerie "Espace Degré", Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 1996: Galerie "Charly's Gare", Hueschtert (L)
  • 1998: "Château de Bettembourg", Beetebuerg (L)
  • 1999: Hiscox Art Café, London (UK)
  • 1999: "CIPA", Nidderaanwen (L)
  • 1999: Galerie "Antonio Battaglia", Mailand (I)
  • 1999: Galerie "Bertrand Kass", Innsbruck (A)
  • 1999: Galerie Wagner-Schortgen, Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 2000: ABN-AMRO Bank, Rotterdam (NL)
  • 2001: Ateliersausstellung, Nidderaanwen (L)
  • 2001: Judenburg (A)
  • 2002: Espace Paragon, Lëtzebuerg-Stad (L)
  • 2003: Import Festa, Komatsu (J)
  • 2003: Lëtzebuerger Ambassade, Tokyo (J)
  • 2005: Ateliersausstellung, Nidderaanwen (L)
  • 2007: Ateliersausstellung, Nidderaanwen (L)

Kollektivausstellungen: änneren

1972: Art Fair, Los Angeles (USA)
1974-78: Salon du Cercle artistique de Luxembourg, Lëtzebuerg-Stad (L)
1977: VIIIème Biennale de la Peinture et de la Sculpture des Jeunes, Esch/Uelzecht (L)
1979: IXème Biennale de la Peinture et de la Sculpture des Jeunes, Esch/Uelzecht (L)
1982: Künstlerausstellung "Burleighfield Arts Casting Studios", Alwyn Gallery, London (UK)
1991: Ausstellung "Art au Luxembourg" zu Éiere vun der lëtzebuergescher Presidence vun der Europäescher Unioun, Lëtzebuerg-Stad (L) a Bréissel (B)
1998: "Salon Européen d'Art Alta Falesia", Houffalize (B)
1999: St. James's Art & Books, London (UK)
1999: Salon des Lauréats, Esch/Uelzecht (L)
1999: "Art in Beaufort", Beefort (L)
1999: VIème Salon de Peinture et Sculpture, Huldang (L)
2000: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2001: "Mythologie 2001", Athen (Gr) a Lëtzebuerg-Stad (L)
2001: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2002: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2002: "Mérite culturel", Suessem (L)
2003: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2003: "Voir et déguster", Schieren (L)
2004: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2004: "Oppen Art", Nidderaanwen (L)
2004: "Voir et déguster", Konsdref (L)
2005: "Art in Beaufort", Beefort (L)
2005: "Voir et déguster", Schieren (L)
2006: Galerie Bertrand Kass, Innsbruck (A)

Monumental Skulpturen: änneren

"Le Veilleur", Lycée technique Michel-Lucius, Lëtzebuerg-Stad (L), 1979
"Arc/Deux Personnes", Centre thérapeutique, Useldeng (L), 1989
"Pietà", Mairie zu Hesper (L), 1993
"Monument aux morts", Ueweraanwen an der Gemeng Nidderaanwen (L), 1995
"Sérénité", Centre intégré pour les personnes âgées, Nidderaanwen (L), 1998
"Doncolser Wollef", Nidderaanwen (L), 2007
"Icarus", Holywell Manor, Balliol College, Oxford (UK), 2009

Ëffentlech Kollektiounen: änneren

  • Hesper Gemeng
  • Ministère des Affaires étrangères du Luxembourg
  • Banque ABN-AMRO (L)
"Adedomara" Link op Une Oeuvre en cours Sait 76
"Ardacos" Link op Une Oeuvre en cours Sait 73
"Caradoc" Link op Une Oeuvre en cours Sait 73

Auszeechnungen: änneren

  • "Prix de la Critique" et "Prix du Républicain Lorrain", VIIIe Biennale de la Peinture et de la Sculpture des Jeunes, Esch/Uelzecht (L)
  • "Prix du Luxemburger Wort", IXe Biennale de la Peinture et de la Sculpture des Jeunes, Esch/Uelzecht (L)
  • "Médaille d'argent" de la société académique française "ARTS - SCIENCES - LETTRES" (2007)

Bibliographesch Mentiounen: änneren

"Art au Luxembourg", publizéiert vum Ministère des Affaires Etrangères, 1991
"Anthologie des Arts au Luxembourg", publizéiert vun den Éditions Emile Borschette, 1992
"Wer ist wer in Luxemburg" vum Roger Bour, 2000
"Signatures - artistes plasticiens au Luxembourg" publizéiert vun den Éditions Saint-Paul, 2001
"Confronti attuale dell'imagine - Aktuelle Bildvergleiche" publizéiert vum Bertrand Kass a vum Antonio Battaglia, 2002
"Galerie Bertrand Kass 2002-2004" publizéiert vum Bertrand Kass, 2004
"Galerie Bertrand Kass 2006-2007"
"Galerie Bertrand Kass 2008-2010"
"Une oeuvre en cours / Portrait de l'artiste-sculpteur raymond j-m petit" publizéiert vum Gilbert Rischette, 2007 PetitOeuvre

Kuckt och änneren