Raymond Linden

lëtzebuergeschen Historiker

De Raymond Linden, gebuer de 5. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Abrëll 2010 zu Pärel, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

Raymond Linden
Gebuer 5. Oktober 1946
Gestuerwen 8. Abrëll 2010
Aktivitéit Historiker

Formatioun a Karriär änneren

No senger Première, 'section gréco-latine', am Stater Kolléisch (1967), huet de Raymond Linden ë. a. Geschicht studéiert fir am Secondaire Enseignant ze ginn. Am Kader vu sengem Stage pédagogique huet hien eng Aarbecht geschriwwen iwwer d'Archeo-Topographie vun néng Gemengen an de Kantonen Iechternach a Gréiwemaacher (1974).

Vun 1972 bis 2009 huet de Raymond Linden Geschicht a Latäin am Lycée Michel-Rodange enseignéiert. Hie war bestuet a Papp vun dräi Kanner. 2010 ass hien onerwaart zu Pärel, wou hie gewunnt huet, gestuerwen.

De Raymond Linden huet sech besonnesch fir gallo-réimesch, mëttelalterlech an industriell Archeologie a Geschicht intresséiert. Hie war d'dreiwend Kraaft vun der 1992 gegrënnter Associatioun Frënn vun der Lee am Grenzgebitt ëm Maartel-Pärel, ë. a. als laangjärege President vun der Vereenegung.

Hien huet als Spezialberoder beim Film bloë Steen gehollef, an deem hien och selwer optrëtt.[1]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Spuren aus der Römerzeit in der Gegend um Bondorf: Zeugnisse und ihre Aussagen ; in: 100e anniversaire (1895-1995) Fanfare Bigonville; 1995; Ss. 139-152 (ill.).
  • Der römische Gutshof in Weiswampach "Beelebur" ; in: Wämper Chronik. Fanfare Weiswampach ; Wäiswampech, 1988; Ss. 106-121 (ill.).
  • Betrachtungen über die Römerstrasse von Holtz ; in: Cinquantenaire des Sapeurs-Pompiers de Holtz ; Lëtzebuerg, 1983; Ss. 69-84 (ill., Kaarten a Bibliogr.).
  • Eine römische Befestigungsanlage auf Hersberg "Kaasselt" ; in: Hémecht, Jg. 29 (1977), Heft 4, Ss. 575-590 (ill.).
  • Habitats romains du Grand-Duché ; in: Bulletin des Antiquités luxembourgeoises, Bd. 6, Nr. 3/4; Lëtzebuerg, 1975; Ss. 231-253 (Pläng).
  • Das Priorat der Benediktiner in Useldingen ; in: Hémecht, Jg. 32 (1980), Heft 2, S. 138.
  • Juddekoll - Die Schiefergrube Cahen von Perlé: Bausteine zu einer Geschichte der Schiefergruben ; in: 100e anniversaire Société de Musique St-Lambert / Corps des Sapeurs-Pompiers Perlé (1898-1998) ; Pärel, 1998; Ss. 193-205 (ill., Kaart).
  • Lee, Schiefer, Ardoise, Koll: Betrachtungen über den Schiefer und die Anfänge der Schiefergewinnung; in: 75e anniversaire des Sapeurs-Pompiers de Wolwelange et Journée cantonale (1921-1996) ; Wolwen, 1996; Ss. 141-151 (ill.).
  • Die Schiefergruben von Obermartelingen: eine Sehenswürdigkeit Westeuropas ; in: Lëtzeburger Sonndesblad, Jg. 128 (1995), Nr. 30; Ss. 10-11 (ill.).

Literatur änneren

  • Ardoisières de Martelange - Un musée intégré au projet de parc naturel de la Haute-Sûre? ; in: Le Républicain lorrain, Ausgab vum 27. Januar 1997; S. 2.
  • Il était une fois l'ardoise - La production ardoisière au Luxembourg présentée par Raymond Linden ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 8. Abrëll 2000; S. 6.
  • Inwertsetzung der Schiefergruben von Ober-Martelingen - Schiefer-Freilichtmuseum Martelingen über den Berg ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 19. Mäerz 2005; S. 7.
  • "Frënn vun der Lee": 15 Jahre voller Einsatz - Förderverein setzt sich für ein lebendiges Schiefermuseum ein ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Mäerz 2007.

Referenzen änneren

  1. D'Equipe vum Film