E Raumtransporter ass e Fluchinstrument, mat deem Transporter op eng Raumstatioun gemaach kënne ginn. Et gëtt zwar och bemannt Raumschëffer fir den Transport vun Notzlaaschte benotzt, mä meeschtens ginn awer nëmmen onbemannt Systemer als Raumtransporter gebraucht.

Lëscht vu Raumtransporter änneren

Progress änneren

Progress (russesch Прогресс fir Fortschrëtt) ass e russeschen, vu Sojus ofgeleeten, onbemannten an net recycléierbare Raumtransporter, aus der Mëtt vun de 70er vum OKB-1 Koroljow (Experimental-Konstruktiounsbüro-1, haut RKK Energija) dee fir d'Versuergung vu Raumstatioune vun der Saljut-Serie entwéckelt gouf. Duerno gouf mam Progress och d'Raumstatioun Mir souwéi bis haut d'ISS ugeflunn. E soll an Zukunft duerch de Parom-Raumschlepper ofgeléist ginn.

ATV änneren

Den Automated Transfer Vehicle ass eent vun den technesch usprochsvollste Raumgefierer, déi jee an Europa gebaut goufe. Et ass e komplett autonome Raumtransporter, dee selbststänneg op d'International Raumstatioun ISS flitt an do undockt. Dës Fäegkeet mécht ATV zu engem vun de wichtegsten europäesche Beiträg fir d'Raumstatioun ISS.

HTV änneren

Den HTV (H-2 Transfer Vehicle) ass en onbemannte Raumtransporter vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA.

Dragon änneren

Den Dragon ass e Raumschëff vun der US-amerikanescher Firma SpaceX. Am Géigesaz zum europäeschen ATV an dem japaneschen HTV huet et eng Landekapsel a ka sou Notzlaascht op d'Äerd zeréckbrengen. Eng bemannt Versioun fir bis zu siwe Persounen ass geplangt.

Cygnus änneren

De Cygnus ass e Raumtransporter, dee vun der US-amerikanescher Firma Orbital Sciences Corporation entwéckelt gouf.

Tianzhou änneren

China entwéckelt am Ament de Raumtransporter Tianzhou. Domat soll d'Raumstatioun Tiangong-2 ugeflu ginn, déi 2016 gestart soll ginn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Raumtransporter – Biller, Videoen oder Audiodateien