Raoul Follereau

franséische Schrëftsteller a Journalist
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Léon Gabriel Émile Raoul Follereau, gebuer de 17. August 1903 zu Nevers, a gestuerwen de 17. Dezember 1977 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller a Journalist. Hie war e Pionéier am Kampf géint d'Lepra.

Raoul Follereau
Gebuertsnumm Léon Gabriel Émile Raoul Follereau
Gebuer 17. August 1903
Nevers
Gestuerwen 6. Dezember 1977
16. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist, Dichter, Schrëftsteller
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kampf géint d'Lepra

änneren

Wéi de Follereau 1942 zu Lyon bei de Sœurs missionnaires de Notre-Dame des Apôtres matkritt huet, datt d'Oberin e Projet hat, fir zu Adzopé op der Côte d'Ivoire en Duerf fir déi Leprakrank ze bauen, huet hie sech drëm gekëmmert fir déi néideg Suen ze sammelen.

1954 huet de Raoul Follereau de Welt-Lepra-Dag agefouert. Seng Aarbecht gëtt vun der Fondation Raoul-Follereau virugefouert, déi 1968 gegrënnt gouf.

Éierungen

änneren

Nieft der Stëftung, déi säin Numm dréit, gëtt et eng Rëtsch Institutiounen déi no him genannt sinn, sou z. B.: den Institut Raoul-Follereau zu Adzopé, de Centre Raoul-Follereau zu Nouméa (Neikaledonien) oder de Centre Raoul-et-Madeleine-Follereau zu Pobè am Benin, grad ewéi verschidde Stroossen oder Plazen.

Lëtzebuerg

änneren

Zu Lëtzebuerg sinn och eng Rëtsch Stroossen nom Raoul Follereau genannt: Cité Raoul Follereau zu Éiter a Rue Raoul Follereau zu Diddeleng, Lëtzebuerg, Mamer a Stroossen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Raoul Follereau – Biller, Videoen oder Audiodateien