Rainhill ass eng englesch Uertschaft am Metropolitan Borough of St Helens an der Grofschaft Merseyside, op der Eisebunnsstreck Manchester-Liverpool, déi haaptsächlech bekannt ass wéinst de Rainhill Trials, engem Lokomotiveconcours, deen do 1829 ausgedroe gouf a bei deem sech d'Lokomotiv The Rocket déi vum George a Robert Stephenson zesumme mam Henry Booth gebaut gi war, duerchsetze konnt.

Rainhill
Land Vereenegt Kinnekräich
Awunner 10.853 (2011)
Koordinaten 53°24'56"N, 2°45'45"W
Telefonszon 0151
Postcode L35
Websäit http://rainhillparish.org.uk