Den George Stephenson, gebuer den 9. Juni 1781 zu Wylem (Northumberland) a gestuerwen den 12. August 1848 zu Chesterfield war en engleschen Ingenieur.

George Stephenson
Gebuer 9. Juni 1781
Gestuerwen 12. August 1848
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Bauingenieur, Erfinder, Maschinnebauer

Wéi säi Papp, sou huet och de George Stephenson am Ufank vu senger Karriär an enger Kuelegrouf geschafft. Hien huet sech allerdéngs duerch grouss technesch Fäegkeeten ausgezeechent, déi hie sech selwer bäibruecht hat, a gouf dowéinst 1812 zum Maschinnemeeschter nominéiert.

Vun 1813 un huet hien un enger Damplokomotiv geschafft déi schonn 1814 mat Succès fir den Transport vu Kuelen agesat gouf.

Vun 1821 bis 1825 huet hien de Bau vun den Eisebunnsstrecke vun der Stockton and Darlington Railway geleet an hien huet och déi éischt Lokomotiv, déi hie selwer gebaut hat, fir den Transport vu Persounen op deene Strecke geliwwert.

Um Spaweck änneren

Commons: George Stephenson – Biller, Videoen oder Audiodateien