Radio Fréquence Musique

De Radio Fréquence Musique, kuerz RFM war tëscht 1986 an 1992 e "Pirate"-Radio zu Lëtzebuerg.

Den RFM ass 1986 an d'Welt geruff gi vum belsche Marc Lenoble, deen zu Lëtzebuerg en neie Maart gesinn huet, fir seng UKW-Senderen ze verkafen. Déi alleréischt Live-Emissioun um RFM gouf vum Mike Welter presentéiert, deemools DJ an der gréisster Disco zu Lëtzebuerg, dem Starlife. Den RFM, semi-professionell opgezunn, mä vun Ufank un op illegaler Basis, ass ganz séier zu deem beléiftste Radio bei der Lëtzebuerger Jugend ginn, déi sou e Radio a Lëtzebuerger Sprooch bis dohin net kannt huet. Déi couragéiert Speakere stoungen awer faktesch all mat engem Been am Prison.

Dat huet mat sech bruecht, datt den RFM iwwer 30.000 Ënnerschrëften zesummebruecht huet, wéi de Radio vun den Autoritéiten opgefuerdert gouf, opzehalen, well en net legal war. Et koum och zu enger Beschlagnahmung vum Material vum RFM op der Areler Strooss duerch d'Autoritéiten. D'Leit vum RFM hunn awer net lassgelooss a si fir kuerz Zäit op Arel ausgewandert, fir de Radiobetrib nees opzehuelen an dat aus engem Gebai op der Maison Blanche tëscht Arel an Täernech. No enger klenger Sendepaus ass den RFM trotz dem Verbuet zeréck op Lëtzebuerg komm, an zwar op d'Diddenuewener Strooss op de leschte Stack vun der fréierer Coca-Cola-Fabrick.

Zu där Zäit huet de Radio den Animateure gehéiert, déi dem Lenoble dat Ganzt ofkaaft haten. Am Ufank op der Frequenz 100,3 MHz ass den RFM herno op 100,4 MHz an 100,5 MHz ausgewach fir aner, legal auslännesch Senderen net ze behënneren. Relaise sinn et zäitweileg och op 102,3 MHz an 107,2 MHz ginn, an de Sender gouf a vill lëtzebuergesch Kabelnetzer agespeist.

De Sender huet a senger Popularitéit ni ofgeholl, bis 1992 sämtlech Pirateradioen hir Dier hu missen definitiv zoumaachen, kuerz virun der Liberaliséierung vun der Radioszeen. De 5. Mee 1992 mat engem groussen Ëmzuch duerch d'Stroosse vu Lëtzebuerg an Honnerte vu Visiteuren op dësem leschten Dag huet RFM mat enger Sendung vum Ramon Kirsch um 17 auer 30 de Betrib definitiv agestallt, dono ass nach d'Ons Heemecht iwwer de Sender gaang.

Vill vun den Animateure vu Radio RFM hu sech dunn op aner legal Radiosendere verdeelt: DNR, Eldoradio oder Waky. Verschiddener vun hinne sinn haut nach op lëtzebuergesche Radiosstatiounen ze héieren. Beim RFM ware Leit wéi de Bob Christie, de Jim Devans (herno Eldoradio a Soziokulturelle Radio), de Luc Melsen (herno Eldoradio a Soziokulturelle Radio), de Mike Welter (herno Eldoradio an DNR), de Jules Serrig (herno DNR an Eldoradio), de Ramon Kirsch (herno DNR a Radio Diddeléng), de Gérard Floener (herno Eldoradio a RTL), den Dan Winkowski (herno Eldoradio a RTL) de Carlo Medinger, de Serge Linckels aka "Kim" (herno Eldoradio), de Brian Hill, de Roy Peter (herno Radio Sunshine a Radio ARA) oder de Marc Kirsch fir der nëmmen e puer ze nennen. Am Ganze waren iwwer 100 Leit bei dësem wuel gréisste Piratesender vu Lëtzebuerg aktiv.

2015, no enger gelongener Revival-Party zu Wickreng, hu verschidden Animateuren decidéiert, de Radio nees opzemaachen, déi Kéier iwwer Internet. Zanter Oktober 2015 gëtt et den RFM Lëtzebuerg nees. Am Ufank konnt ee souwuel fréier Emissiounen (Starparade mam Ramon vu viru bal 30 Joer), wéi och nei Emissiounen (Radiokichen, Party, Starparade) héieren, elo ganz legal. Den Erfolleg huet net op sech waarde gelooss. Iwwer 1.300 Nolauschterer ware bei den éischten Emissiounen ageschalt, an e puer Woche méi spéit hat den RFM der erëm iwwer 2000.

Aus rechtleche Grënn huet de Sender den Numm AirFM24 ugeholl a goung de 27. Abrëll 2016 offiziell op Sendung.

2016 awer huet den AirFM24 op Nonstop-Musek ëmgeschalt an huet och seng Museksriichtung geännert. Dat mat der Hoffnung op eng Nationalfrequenz am UKW, di awer net vun der Alia accordéiert ginn ass. D'Animateuren, déi mat dëser Richtung net averstane waren, an duerch d'Non-stop-Musek souwisou iwwerflësseg gi sinn, sinn doropshin deelweis op aner Radioen iwwergewiesselt.

2017 hunn de Winy Winter (alias DJ Joos Winter, bekannten DJ aus der Belsch) an de Ramon Kirsch (als benevollen Animateur) den originalen RFM awer nees an d'Liewe geruff. Elo gëtt et nees Livesendunge mat Musek aus de 70er, 80er an 90er op www.rfm.lu, wärend den airfm24 weiderhi just Nonstop-Musek sent.

Dat selwecht Joer huet den RFM, aus rechtleche Grënn säin Numm an FRL (Free Radio Luxembourg) missen ëmänneren, sent awer weiderhin um Internet iwwert http://www.frl.lu an ass op de wichtegsten Radio-Appen ënnert Free Radio Luxembourg ze fannen.

Um Spaweck änneren