Quincy Jones

US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist, Arrangeur a Produzent (1933–2024)

De Quincy Delight Jones jr., gebuer de 14. Mäerz 1933 zu Chicago, a gestuerwen den 3. November 2024 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist, Arrangeur a Produzent.

Quincy Jones
Gebuer 14. Mäerz 1933
Chicago
Gestuerwen 3. November 2024
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Berklee College of Music,
Garfield High School
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Bandleader, Museksproduzent, Lidderschreiwer, Museksmanager, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Arrangeur, Humanitarier, Jazzmuseker, Sänger, Trompettist, Pianist
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Ulla Andersson, Peggy Lipton
Liewenspartner(in) Nastassja Kinski
Papp Quincy Delight Jones
Mamm Sarah Frances Wells
Geschwëster Richard A. Jones
Kanner Kidada Jones, Rashida Jones, Kenya Kinski-Jones

Liewen a Karriär

änneren

Nodeems hien an den 1950er-Jore mat Leit wéi der Dinah Washington, dem Lionel Hampton an dem Dizzy Gillespie zesumme gespillt hat, huet hie sech vun den 1960er-Joren un op d'Schreiwen, Arrangéieren a Produzéiere vu Musek konzentréiert. Am Ufank blouf hien dem Genre vum Jazz trei, ma lues a lues huet hien och an de Beräicher Film- a Popmusek geschafft. Vun der Abberzuel vun Artisten, mat deenen en zesummegeschafft huet, ass seng Kollaboratioun mam Michael Jackson, ë. a. als Produzent vum Album Thriller, déi bekanntst.

Den Jones gouf bannent senger Karriär 79 Mol fir e Grammy Award nominéiert an huet en 28 Mol gewonnen.

Hie war dräimol bestuet: mat der Jeri Caldwell (1957 - 1966), dem Mannequin Ulla Andersson (1967 - 1974) an der Schauspillerin Peggy Lipton (1974 - 1990). Vun 1991 bis 1997 war hie mat der Schauspillerin Nastassja Kinski zesummen. Hien ass Papp vu 7 Kanner.

Hien huet sech am soziale Beräich engagéiert, ë. a. fir d'Bildung vu Kanner aus aarme Verhältnesser a fir d'Sammelen an Erhale vun afroamerikanescher Musek (Institute for Black American Music).

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck

änneren
Commons: Quincy Jones – Biller, Videoen oder Audiodateien