Que sais-je? ass eng Kollektioun vun didakteschen Täschebicher, déi zanter 1941 vun de Presses universitaires de France publizéiert ginn.

An der Tëschzäit ass déi Serie an 43 Sproochen iwwersat ginn. Eleng op Franséisch goufen am Ganze bis am Summer 2007 eng 160 Millioune Bichelcher gedréckt. Dobäi goufen 3.750 Titele vun 2.500 Auteuren erausginn, vun deenen der eng 1.300 aktuell am Handel sinn.

D'Editioun ass vu Spezieliste redigéiert a riicht sech un de grousse Public.

All Titel gëtt, soubal et néideg ass, aus dem Katalog geholl an iwwerschaffe gelooss. Op déi Manéier ass et méiglech, zu all Ament eng Zort aktuell Enzyklopedie ze presentéieren.

All Bichelchen huet 128 Säiten, bitt eng Aleedung an eng kuezrgefaassten Iwwersiicht iwwer en Theema mat enger kuerzer Bibliographie, ass net illustréiert a bëlleg gedréckt mä fuedemgebonnen, a kascht d'selwecht wéi déi aner. Am September 2007 ass de Präis 8 €.

All Mount komme 5 nei Titelen eraus.

Um Spaweck änneren