Quartier Lointain
Quartier Lointain ass eng belsch-franséisch-lëtzebuergesch-däitsch Koproduktioun, e Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski, no der Manga Quartier Lointain vum Jirô Taniguchi.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Belsch Frankräich Lëtzebuerg Däitschland |
Produktiounsjoer | 2010 |
Première | 20. Mee 2010 |
Dauer | 100 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Sam Garbarski |
Dréibuch |
Jérôme Tonerre Philippe Blasband, no enger BD vum Jirô Taniguchi |
Fotografie | Jeanne Lapoirie |
Musek | AIR |
Schnëtt | Ludo Troch |
Produzent |
Entre Chien et Loup Archipel 35 Samsa Film Pallas Film Ateliers de Baere RTBF |
Schauspiller | |
Pascal Greggory als Thomas Jonathan Zaccaï als Bruno Alexandra Maria Lara als Françoise Leo Legrand als jonken Thomas | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
E gouf an der Géigend vun Nantua an zu Lëtzebuerg gedréint.
E koum den 20. Mee 2010 an Däitschland, an de 24. November 2010 zu Lëtzebuerg, a Frankräich an an der Belsch eraus.
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Thomas, eng 50 Joer al, hëlt iertimlech dee falschen Zuch a kënnt a säin Heemechtsduerf, wou en opgewuess ass. Hie profitéiert dovun, op d'Graf vu senger Mamm ze goen, wou et ëm schlecht gëtt. Wéi en nees zou sech kënnt, mierkt en, datt en hie selwer am Alter vu 14 Joer ass. Et schéngt es, wéi wann en an der Zäit zeréckgereest wier. Kann en d'Vergaangenheet änneren, a Saache besser maache wéi deemools?...
Filmpräisser
ännerenDe Film gouf fir eng Rei Filmpräisser nominéiert, dorënner de Magritte du cinéma an de Kategorien "Beschte Regisseur" (fir de Sam Garbarski), "Beschte Schauspiller" (fir de Jonathan Zaccaï), "Bescht Schauspillerin an enger Nieweroll" (fir d'Tania Garbarski), "Beschte Kostümdesign" (fir d'Claire Dubien) a "Bescht Zeenebild" (fir d'Véronique Sacrez). En huet an der leschter Kategorie gewonnen.
Och beim Filmfestival vu Roum a beim polnesche Transatlantyk Festival war de Film nominéiert. De Léo Legrand war fir seng Roll als jonken Thomas Verniaz fir de Young Artist Award nominéiert, en US-amerikanesche Filmpräis fir Kanner- a Jugendschauspiller.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche op samsa.lu (fr)