Regioun Lappland

Regioun a Finnland
(Virugeleet vu(n) Provënz Lappland)

D'Regioun Lappland op Finnesch Lapin maakunta,, Schweedesch Lappland, a Samesch Lappi, ass eng Regioun vu Finnland mat 21 Gemengen.

Regioun Lappland
Informationen
Land Finnland
Regiounen: 1
Gemengen: 21
Verwaltungssëtz: Rovaniemi
Fläch: 98.987 km²
Awunner: 185.221
(31. Juni 2006)
Lokalisatioun

D'Regioun Lappland änneren

D'Regioun Lappland ass déi nërdlechst vun den 19 finnesche Regiounen, an ëmfaasst de finneschen Deel vu Lappland.

Mat enger Fläch vun 98.987 km² ass et gréisst finnesch Regioun, a mat enger Bëlkerungsdicht vun 2 Awunner op de Kilometerkarree, déi Géigend a Finnland déi am mannste bewunnt ass.

De Verwaltungssëtz a gréisst Stad an der Regioun ass Rovaniemi.

D'Urbevëlkerung vu Lappland, d'Sami sinn nach just eng kleng Minoritéit, hunn awer an e puer Géigende vun der Regioun verschidde Prioritéiten.

Gemengen an der Regioun änneren

  Gemeng Awunner
30. Juni 2006 [1]
Fläch
1. Enontekiö 2.012 8.391,5 km²
2. Inari 7.014 17.321 km²
3. Kemi 22.812 92,0 km²
4. Kemijärvi 9.189 3.929,7 km²
5. Keminmaa 8.892 644,1 km²
6. Kittilä 5.844 8.263,1 km²
7. Kolari 3.808 2.617,6 km²
8. Muonio 2.398 2.038,1 km²
9. Pelkosenniemi 1.102 1.882,2 km²
10. Pello 4.435 1.865,6 km²
11. Posio 4.206 3.545,1 km²
12. Ranua 4.675 3.694,5 km²
13. Rovaniemi 57.664 8.011 km²
14. Salla 4.540 5.872,5 km²
15. Savukoski 1.276 6.496,64 km²
16. Simo 3.617 1.483,5 km²
17. Sodankylä 9.193 12.415,3 km²
18. Tervola 3.689 1.595,3 km²
19. Tornio 22.355 1.227,1 km²
20. Utsjoki 1.382 5.371,7 km²
21. Ylitornio 5.118 2.207,2 km²

 

Déi 21 Gemenge sinn zu sechs Verwaltungsgemeinschaften zesummegeschloss. Dat si lokal territorial Unitéite fir kommunal Zesummenaarbecht.

Verwaltungsgemeinschaft Gemengen
Fjell-Lappland Enontekiö, Kittilä, Kolari, Muonio
Kemi-Tornio Kemi, Keminmaa, Simo, Tervola, Tornio
Nordlappland Inari, Sodankylä, Utsjoki
Ostlappland Kemijärvi, Pelkosenniemi, Posio, Salla, Savukoski
Rovaniemi Rauna, Rovaniemi
Tornio-Tal Pello, Ylitornio

Referenzen änneren

  1. Väestörekisterikeskus (Awunnerregistréierungszentrum) Gearchiveerd op 2009-08-06. Gekuckt de(n) 2009-10-16.

Um Spaweck änneren

Commons: Lapland, Finland – Biller, Videoen oder Audiodateien