D'Provënz Cunene ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Süde vum Land a grenzt am Norden un d'Provënz Huíla, am Osten un d'Provënz Cuando-Cubango an am Westen un d'Provënz Namibe. Am Süden deelt si eng Grenz mat Namibien.

D'Provënz Cunene (rout) an Angola

Si huet eng Fläch vun 87.342 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 965.288 Awunner, wat 4 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass Ondjiva.

Referenzen änneren

  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt den 13. Dezember 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei