D'Provënz Chimborazo (sp.: Provincia de Chimborazo) ass eng Provënz am Ecuador. Op enger Fläch vu ronn 5.600 km² liewen eng 430.000 Awunner. Hir Haaptstad ass Riobamba. D'Provënz läit an den zentralen Anden vun Ecuador a gouf nom 6.310 Meter héije Vulkan Chimborazo genannt.

Lag am Ecuador

Geographie änneren

D'Provënz Chimborazo grenzt am Norden un d'Provënz Tungurahua, am Osten un d'Provënz Morona Santiago, am Süden un d'Provënz Cañar an am Osten un d'Provënze Guayas a Bolívar. Nieft dem Chimborazo leien och d'Vulkaner El Altar, Cubillín an Deeler vum Sangay resp. dem Sangay-Nationalpark an der Provënz Chimborazo. Donieft gehéiert och de Colta-Séi (Laguna de Colta) zum Natur-Patrimoine vun der Provënz.

D'Panamericana geet queesch duerch d'Provënz a spléckt sech bei bei Cajabamba an zwéin Tracéen, een iwwer d'Héichland an ee laanscht d'Küst, déi allen zwéin op Peru ginn.

Populatioun änneren

Chimborazo ass déi Provënz an Equador mam héchste Prozentsaz un indigener Bevëlkerung, virun allem vu Quichuas.

Kantonen änneren

D'Provënz Chimborazo ass an 10 Kantonen agedeelt:

  • Riobamba (Haaptstad: Riobamba)
  • Alausí (Haaptstad: Alausí)
  • Guano (Haaptstad: Guano)
  • Colta (Haaptstad: Villa La Unión, besser bekannt als Cajabamba)
  • Guamote (Haaptstad: Guamote)
  • Chunchi (Haaptstad: Chunchi)
  • Penipe (Haaptstad: Penipe)
  • Pallatanga (Haaptstad: Pallatanga)
  • Chambo (Haaptstad: Chambo)
  • Cumandá (Haaptstad: Cumandá)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren