Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bierg Chimborazo. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Chimborazo (Homonymie).

Den Chimborazo ass en inaktive Vulkan an der Cordillera Occidental vun den Anden, am Ecuador. Mat enger Héicht vu 6.267 Meter iwwer dem Mieresspigel ass et deen héchste Bierg am Ecuador.

De Chimborazo moies fréi

E läit an der Provënz mam nämmlechten Numm. Ausserdeem ass en Deel vum Naturreservat „Reserva de Produccion Faunistica Chimborazo“, enger Schutzzon fir d'Kamelidenaarten, déi an den Ande liewen, wéi de Vicuña, d'Lama an d'Alpaca.

Gletscher änneren

Den ieweschten Deel vum Bierg, vun enger Héicht vu 5100 m aus un, ass vergletschert. D'Gletscher vum Chimborazo sinn d'Waasserquelle vu groussen Deeler vun de Provënze Bolivar a Chimborazo. An deene leschten Dekaden hunn d'Gletscher wéinst der globaler Äerderwäermung, Äschen aus dem Tungurahua-Vulkan an dem El Niño-Phenomeen signifikant u Mass verluer.

Vulkanismus änneren

De Vulkan ass fir d'lescht viru ronn 1500 Joer ausgebrach.

Numm a mythologesch Bedeitung änneren

Den Numm Chimborazo kënnt vum Cayapa-Wuert fir Fra – Schingbu – an dem Kichwa-Wuert fir Äis/Schnéi – Razo – hierkommen, wat deemno "äiseg Fra" kéint bedeiten oder awer vu Chimbo fir äisegen Troun vu Gott an dem Quichuawuert urku – Bierg – deemno Bierg-Äis.

Am lokalen indigene Mystizismus z. B. vun de Puruhá ass de Chimborazo en hellege Bierg. Den Taita Chimborazo (Taita = Papp) representéiert als Mann vun der Mama Tungurahua de Patriarch vun de Puruhá.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Chimborazo – Biller, Videoen oder Audiodateien