Prisong Uerschterhaff

Prisong fir Leit an Untersuchungshaft
(Virugeleet vu(n) Prisong vu Suessem)

De Prisong Uerschterhaff (offiziell Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff[1]) ass e Prisong an der Gemeng Suessem. E läit um Lieu-dit Uerschterhaff, an der Gewan tëschent Suessem an Zolwer, eng ronn 850 Meter westsüdwestlech vum Uerschterhaff, op enger Fläch vun 8,6 Hektar[2].

Prisong Uerschterhaff
De Chantier vum Prisong am Juli 2019
Land Lëtzebuerg
Plaz Uerschterhaff
Koordinaten 49° 32’ 25’’ N 05° 56’ 42’’ O
Statut a Betrib
Datum vum Bau 2018-2022
Opgaangen 30. November 2022

E gouf tëscht 2018 an 2021 gebaut an den 30. November 2022 ageweit[3].

Et ass e Prisong fir Männer, déi an Untersuchungshaft sëtzen an op hire Prozess waarden. Ier en opgoung, goufen déi am Prisong vu Schraasseg, zesumme mat de Leit am Strofvollzuch, ënnerbruecht. Bis zu 400 Prisonéier sollen dran ënnerbruecht kënne ginn. Vum 5. Januar 2023 un, bis an d'Fréijoer, ginn nei Untersuchungsprisonéier dohi bruecht, an déi vu Schraasseg no an no geplënnert[4].

E besteet aus véier Prisongsgebaier mat allkéiers dräi Fligelen mat jee dräi Stäck. Donieft gëtt et ë. a. eng Sportshal, e Sportsterrain, en Ausbildungszentrum fir Giischtercher an e Verwaltungsgebai. Ronderëm ass eng sechs Meter héich Bëtongsmauer, mat vir- an hannendru pickegem Drot. Widder der Prisongsmauer ass e Policegebai ugebaut, fir déi Unitéit, déi d'Prisonéier transportéiere soll. D'Gebai ass fir 60 Agenten an 20 Gefierer ausgeluecht[2].

Am Ganze solle bis zu 328 Leit am Prisong schaffen, dovun 221 Giischtercher. Fir de Bau waren 155.650.000 Euro virgesinn. D'Gesetz dozou gouf den 19. Juni 2014 an der Chamber gestëmmt[5] an ass de 24. Juli 2014 a Kraaft getrueden[6].

Am Mee 2020 gouf de Jeff Schmit, op den 1. Juni 2020, zum Direkter vum Prisong ernannt[7].

Literatur änneren

  • Ewen., L., 2016. Künftige Untersuchungshaftanstalt "Ueschterhaff". Weg frei für die Baugenehmigung. 2022 soll die Anstalt bis zu 400 Insassen aufnehmen. Luxemburger Wort vum 26./27. Mäerz 2016, S. 39.

Um Spaweck änneren

Commons: Prisong Uerschterhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff op gouvernement.lu, gekuckt den 13. Juli 2019
  2. 2,0 2,1 "De Bau vum Prisong zu Suessem steet an de Startlächer." rtl.lu, 25.03.2016, 07:31:26.
  3. Maximilian Rischard: "Ueschterhaff: Neues Gefängnis nimmt Betrieb auf." wort.lu [w+], 30.11.2022.
  4. ""Invité vun der Redaktioun: Jeff Schmit. Untersuchungshäftlinge sollen de 5. Januar an de Prisong um Uerschterhaff kommen." rtl.lu, 30.11.2022.
  5. Séance publique n°26 vum 19.06.2014
  6. Loi du 24 juillet 2014 relative à la construction du centre pénitentiaire d'Uerschterhaff. Mémorial A n°144, S.2294 Archivéiert op 2016-09-16. Gekuckt de(n) 2016-03-25.
  7. "Jeff Schmit nommé directeur du futur Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff. rtl.lu, 26 mai 2020.