De Priamos war de leschte vu sechs Kinneke vun der Stad Troja. De Priamos war de Jong vum Laomedon a senger Fra Leucippe.

Priamos
Geschlecht männlech
Gestuerwen Troja
Universum
Present am Ilias

De Priamos eleng sollt der So no fofzeg Jonge gehat hunn, dorënner den Hektor, Paris, Antiphos an de Polites.

Wärend dem Trojanesche Krich huet hien nom Doud vu sengem Bouf dem Hektor, e Waffestëllstand ausgehandelt, an domat och deem seng Läich zeréckkrut. Fir dat z'erreechen, ass hien an d'Lager vun de Belagerer gaangen. Bei der Eruewerung vun Troja gouf de Priamos vum Neoptolemos beim Altor vum Zeus ëmbruecht.

Nodeem den Heinrich Schliemann Troja entdeckt hat, gouf de Schaz, deen hien do fonnt hat, dem Priamos säi Schaz genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: Priam – Biller, Videoen oder Audiodateien