De Preston Thomas Tucker, gebuer den 21. November 1903 zu Capac, am Michigan a gestuerwen de 26. Dezember 1956) war en US-amerikaneschen Autodesigner a Fabrikant.

Preston Tucker
Gebuer 21. September 1903
Michigan
Gestuerwen 26. Dezember 1956
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Ingenieur, Entreprener

Hien huet 1948 den Tucker Torpedo produzéiert, deen zwar ganz innovativ war, mä vun deem trotzdeem just 51 Stéck produzéiert goufen. Dat mécht se hautdesdaags zu rare Sammlerobjeten.

De Francis Ford Coppola huet 1988 dem Preston Tucker seng Geschicht verfilmt ënner dem Titel Tucker: The Man and His Dream.