E Portmonni (vum franséische Porte-monnaie) ass en Accessoire, dee meeschtens an d'Täsch passt, an an deem ee Suen, Kreditkaarten, Ausweisdokumenter (Identitéitskaart, Fürerschäin, Krankekeesekaart...) an aner Dokumenter raumt an transportéiert.

E Portmonni vun enger Persoun aus Tschechien

Portmonnie sinn dacks aus Lieder, Stoft oder Plastik.

Ursprénglech war de "Porte-monnaie" fir Mënz geduecht, am Géigesaz zum "Portefeuille", deen op Schäiner ausgeriicht war. Haut ginn déi zwéi Begrëffer am Lëtzebuergeschen als Synonym benotzt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wallets/Portemonnien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Coin purses/Portemonnien (fir Mënz) – Biller, Videoen oder Audiodateien