Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2015)
- 12. Dezember 2015: Déi japanesch Raumsond Akatsuki ass de 6. Dezember 2015 um 23:51 UTC an eng Ëmlafbunn ëm d'Venus ageschwenkt, fir d'Atmosphär z'erfuerschen. [1] [2]
- 19. November 2015: Beim extrasolare Protoplanéit LkCa 15b konnt fir d'éischt de Prozess vun der Planéitegenesis observéiert ginn. [3]
- 7. November 2015: De kënschtlechen Objet WT1190F soll no Berechnungen den 13. November 2015 an d'Äerdatmosphär antrieden an an der Géigend vu Sri Lanka verglousen!
- 25. Oktober 2015: Den zirka 400 Meter groussen Asteroid 2015 TB145 mam Spëtznumm „grousse Kürbis” flitt fir Halloween op enger 1,3-facher Mounddistanz laanscht d'Äerd. Hie gouf eréischt den 10. Oktober 2015 entdeckt. [4]
- 31. August 2015: De Sergey E. Koposov a seng Mataarbechter vun der Universitéit vu Cambridge, hunn a Richtung Magellanesch Wolleken néng weider Satellittegalaxië vun eisem Mëllechstroossesystem entdeckt. Si sinn extreem kleng a liichtschwaach. [5]
- 14. Juli 2015: D'Raumsond New Horizons huet géint 13:50 Auer MESZ den Zwergplanéit Pluto erreecht. [6]
- 27. Juni 2015: En Team ëm den David Sobral vun der Universitéit Lissabon huet eng extreem hell Galaxie vum fréien Universum entdeckt. Bei dëser Galaxie – mat der Bezeechnung CR7 – weist de Liichtspektrum vun enger besonnesch heller Regioun fir d'éischt direkt déi éischt Stäregeneratioun vun der Populatioun III. [7] [8]
- 31. Januar 2015: De ronn 325 Meter groussen Asteroid 2004 BL86 hat de 26. Januar 2015 op enger Distanz vun nëmmen 1,2 Millioune Kilometer eis Äerd passéiert. [9]