12. November 2014: D'Raumsond Rosetta huet de Lander Philae op dem Koméit67P/Tschurjumow-Gerassimenko ofgesat. Bedéngt duerch déi minim Unzéiungskraaft vum Koméit, hat d'Sond dräimol missen opsetze fir stoen ze bleiwen. Dëst ass déi éischt mëll Landung vun engem Raumfluchkierper op engem Koméit.[2]
26. Juli 2014: Nei Biller vun der Raumsond Rosetta vum Koméit Tschurjumow-Gerassimenko loossen éischt Detailer vu senger Uewerfläch erkennen. [3]
22. Mee 2014: E méiglech neie Meteorstroum, d'Camelopardaliden, ginn an der Nuecht vum 23. Op de 24. Mee2014 erwaart. De Stroum geet op de Koméit 209/P LINEAR zeréck. D'Viraussoe schwätzen vun 100 Meteore pro Stonn. [5]
17. Mäerz 2014: US-Physiker hunn duerch Analyse vun der kosmescher Hannergrondstralung fir d'Éischt direkt Hiweiser op d'Existenz vun der kosmescher Inflatioun fonnt. [6][7][8]
27. Februar 2014: 715 nei Expoplanéiten am Orbit vun 305 verschiddene Stäre huet d'NASA op ee Coup gemellt. Et ass e Resultat an eng Auswäertung vun den Donneeën vun der Kepler-Weltraumteleskop-Missioun. 95 Prozent vun de Planéite sinn méi kleng wéi de Neptun. Méiglech ass déi grouss Zuel un Entdeckungen duerch eng nei Method. [9]
21. Januar 2014: An der Galaxie Messier 82 gouf eng Supernova vum Typ Ia entdeckt. Mat enger Distanz vu ronn 12 Millioune Liichtjoer ass dat eng vun den äerdnooste Supernovaen zanter 1987. [10]