Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lander Philae. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Philae (Homonymie).
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

De Philae (och bekannt ënner dem Numm Rosetta Lander) ass e Lander, deen zesumme mat der Raumsond Rosetta den 2. Mäerz 2004 op d'Rees bei de Koméit Tschurjumow-Gerassimenko gestart ass an den 12. November 2014 um Koméit gelant ass. De Lander krut kuerz virum Start den Numm Philae, nom Obelisk vu Philae deen op der Insel Philae am Nil, stoung. Verantwortlech fir den operationellen Deel vun der Philaemissioun war de Raumfaartbenotzerzentrum MUSC vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart, zu Köln.

Philae
D'Sond Philae
Typ Koméitelander
Operator European Space Agency / DLR
COSPAR-Bezeechnung 2004-006C
Websäit http://rosetta.esa.int/
Perigeum 417 km
Bunnschréi 33,24°
Startmass 100 kg
Gréisst 1 × 1 × 0,8 m
Start 2. Mäerz 2004, 7:17 UTC
Startplaz Kourou ELA-3
Drorakéit Ariane 5G+ V-158
Kontrakt Arianespace
Status läit um Koméit
67P/Tschurjumow-Gerassimenko

De Lander Philae huet ongeféier 200 Milliounen Euro kascht, dat ass ongeféier ee Sechstel vun de Käschte vun der ganzer Rosetta-Missioun.

Missioun

änneren

De Lander Philae ass no der Kartographéierung an Analys déi vun der Rosetta gemaach goufen, um Koméit gelant. Dëse Missiounsdeel war néideg, well d'Beschafenheet vun der Uewerfläch virun der Landung vun der Sond net genee bekannt war. No der Oftrennung ass de Lander mat ongeféier 1 m/s a Richtung Koméit geflunn. Mat Hëllef vun engem kardanesch, mat zwéi Fräiheetsgrade gelagerten dräibeenege Landegestell an dem tëscht Sond a Landegestell fixéiertem Mechanissem, Bubble genannt, sollt Philae um Koméit opsetzen, ouni vun dësem wéinst der niddreger Gravitatioun nees ofzeprallen. De Bubble hat en ettlech Aufgaben. Et war en Dämpfungselement fir d'Opsetzmanöver bei der Landung a sollt dem Lander seng Positioun duerch Kippen an Dréien ännere kënnen an hat déi elektresch Verbindungen tëscht der Sond an de Sensoren an de Féiss. Dat kardanescht Element hat zousätzlech Dämpfungsfunktiounen, andeem et d'Knéckbeweegungen am Element ofbremse konnt. D'Fixéierung um Buedem sollt mat dräi Äisschrauwen, jee eng pro Landegestellfouss, an zwou Harpune garantéiert ginn.

D'Landung um Koméit war am November 2014.

Landung

änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Landung vun der Sond  

No der Landung op der Koméitenuewerfläch huet d'Philae verschidde physikalesch-cheemesch Miessunge gemaach, ënner anerem fir, organesch Verbindunge wéi z. B. Aminosaier um Koméitenäis ze detektéieren. Chiral Verbindunge ginn dobäi an hir Enantiomere getrennt a quantifizéiert, fir ze hëllefen d'Enstoe vum Liewen a seng Homochiralitéit op der Äerd ze verstoen.[1] Déi minimal Liewenserwaardung vun der Sond Philae war vun der ESA mat 64 Stonnen uginn.[2]

Instrumenter

änneren
 
Instrumenter vum Philae

U Bord vum Lander sinn zéng Instrumenter, déi ongeféier 26,7 kg vum 100 kg schwéiere Lander ausmaachen:

  • APXS (Alpha Proton X-ray Spectrometer) APXS analyséiert déi cheemesch Zesummesetzung vun der Uewerfläch. D'Instrument ass ebg verbessert Versioun vum APXS deen de Mars Pathfinder hat
  • COSAC (The COmetary SAmpling and Composition) Dat Instrument hëlt Buedemprouwen an erfaasst flüchteg Komponenten.
  • CIVA (Comet Nucleus Infrared and Visible Analyzer)
  • ROLIS (Rosetta Lander Imaging System)
  • CONSERT (COmet Nucleus Sounding Experiment by Radiowave Transmission). Consert soll mat Hëllef vn der Rosetta Sond elektromagnéitesch Wellenausbreedung duerch de Kär moossen, fir soz iwwer déi bannenzeg Struktur an iwwer d'Zesummesetzung Réckschlëss ze zéien.
  • MUPUS (MUlti-PUrpose Sensors for Surface and Sub-Surface Science)
  • ROMAP (Rosetta Lander Magnetometer and Plasma Monitor). ROMAP besteet aus engem Fluxgate-Magnéitometer, engem Electrostatic Analyzer an engem Faraday-Becher. De Fluxgate-Magnéitometer huet e Miessberäich vu +/- 2000 nT bei enger Opléisung vun 20 pT an engem Frequenzberäich vun 0 bis 32 Hz. Mat dem Plasma Monitor kënnen Ione mat Energië vu bis zu 8000 keV an Elektrone mat Energië vu bis zu 4200 keV gemooss ginn. En zousätzleche Penning-Vakuummeter an e Pirani-Vakuummeter kënnen Dréck tëscht 10−8 an 10 mbar moossen. De Magnéitometer gouf entwéckelt vum Instituts fir Geophysik an extraterrestresch Physik (IGEP) vun der TU Braunschweig an Zesummenaarbecht mam Institut fir Weltraumfuerschung vun der TU Graz an dem Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik. Am Plasma Monitor waren de KFKI Budapest, d'Max-Planck Institut fir Sonnesystemfuerschung uan d'IKI Moskau bedeelegt (kuckt d'Beschreiwung vu ROMAP op der Homepage vum IGEP).
  • SESAME (Surface Electric Sounding and Acoustic Monitoring Experiment)
  • SD2 (The sampling, drilling and distribution subsystem)

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Philae (spacecraft) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Meierhenrich: Amino acids and the asymmetry of life, Springer-Verlag, 2008. ISBN 978-3-540-76885-2
  2. Tweet der ESA vom 9. Dezember 2013: [1]