De Pont de Liège ass eng Autobunnsbréck a Schréiseelbréck déi zur Verbindung E40-E25 gehéiert. Si ass am Joer 2000 a Betrib geholl ginn.

Pont de Liège
Geographie
Land Belsch
Plaz Léck
Koordinaten 50° 36’ 58’’ N
      05° 34’ 44’’
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
(Verbindung E40-E25)
Féiert iwwer Meuse
Technesch Detailer
Bréckentyp Schréiseelbréck
Totallängt 327,5 m
Breet 25,9 m
Héicht vum Pilier 75 m
Material Stol
Virgespaante Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 2000
Architekt(en)
Konzeptioun
Büro Greisch

Si verbënnt Angleur mat Cointe a geet iwwer d'Meuse. D'Bréck déi eng Totallängt vun 327,5 m Meter huet besteet aus 3 Sektiounen. Um lénksen Uwänner vun der Meuse tëscht dem Échangeur des Tilleuls an engem Opleeër laanscht d'Meuse féiert eng 31,5 m laang Dunnebréck iwwer de Quai Banning fir den Uschloss un déi eigentlech Schréiseelbréck ze maachen. Déi besteet aus zwéin asymmetreschen Deeler wouvun den ee mat enger Längt vun 162 m déi eigentlech Bréck iwwer d'Meuse duerstellt, an dem anere vun 134 m d'Kontergewiicht mécht, dat anengems den Daach vum Nordportal vum Tunnel vu Kinkempois bilt.

Déi speziell Konzeptioun vu Kontergewiicht, eng sougenannt Culée contrepoids, war d'Léisung fir kënnen direkt um Uschloss vun der eigentlecher Bréck, op der Héicht vum Dropilier, mat enger kontinuéierlecher Pente vu 6,5 % weider an den Tunnel vu Kinkempois ze kommen. Des Weideren huet déi Konzeptioun vum Kontergewiicht d'Méiglechkeet gebueden, fir d'Wunnquartieren um rietsen Uwänner optimal géint den Autobunnskamméidi ze schützen.

De Kär vun der Bréck besteet aus enger stoler Huelkëscht (4,5 m x 3,75 m), un déi op 2/3 vun der Héicht d'Tabliere vun de Fuerbunnen op den zwou Säiten drumontéiert goufen. D'Tablieren déi 10,70 m breet sinn, gi mat zylindresche Schréiverstriewunge vun engem Duerchmiesser vun 30 cm, de sougenannte Bracons, déi op all 3 Meter ubruecht sinn, um Buedem vun der Huelkëscht ofgestäipt. An der Këscht sinn all 6 Meter sougenannt Bossagen agebaut, un deenen déi ënnescht Verankerunge vun de Schréiseeler festgemaach sinn.

De Pilier deen eng liicht konesch Form huet ass 75 Meter héich. En huet op der Basis en Duerchmiesser vu 4,30 Meter an op der Spëtz sinn et 3,20 Meter. Vun der hallwer Héich un, gouf wéinst de Verankerunge vun de Schréiseeler, op enger Längt vu 35 Meter e stole Käfeg mat an de Bëtong agegoss.

De Pont de Liége mat der Entrée vum Tunnel de Kimkempois riets am Bild


Commons: Pont de Liège – Biller, Videoen oder Audiodateien