De Pont Candelier ass eng Eisebunnsbréck an der Belsch iwwer d'Sambre bei Montigny-le-Tilleul am Hainaut.

De Pont Candelier mat der Sambre
Déi zwéi versat Béi

D'Bréck déi bei der SNCB Pont N° 14 heescht läit op der Linn 130A, déi och nach ënner dem Numm Linn Paräis-Berlin bekannt ass, op der Sektioun Erquelines-Charleroi.

Et ass eng zweegelenkeg Boubréck (ganz flache Bou) déi am arméiertem Bëtong gebaut gouf. Et war eng vun den éischten Eisebunnsbrécken am arméiertem Bëtong an dëser Bauweis (fir Stroossebrécke gouf dës Bauweis scho méi laang gebraucht).

Si gouf op Initiativ vum Ingénieur en Chef des Études de la Voie de la Compagnie du Nord, Candelier gebaut, dohier och den Numm. D'Konzept vum Bau gouf vum d'Eugène Freyssinet dem Erfinder vum Virgespaante Bëtong, realiséiert.

Den Tablier huet als Opleeër zwéi parallel Béi déi 4,50 Meter vunenee sinn. All Bou ass 3,50 Meter breet, an d'Spanwäit ass 64 Meter. D'Verhältnes Spanwäit/Héicht ass 10/1.

Bei der Berechnung vun der Bréck ass eng Iwwerbelaaschtung vu 40%, mat agerechent ginn.

De flaache Bou änneren

De flaache Bou war eng vun de wichtegste Viraussetzunge beim Bau vun dëser Bréck. D'Ursaach fir de Bau war well bei der aler Bréck zwéi Pilieren an der Sambre stoungen, déi de Schëffsverkéier staark behënnert hunn.

Déi nei Bréck huet missen un d'Situatioun ugepasst ginn. Dofir huet de Bou op senger ganzer Längt missen déi neideg fräi Héicht fir d'Schëffer garantéieren, säin Tablier konnt awer och net ze héich si well soss hätten d'Gleiser op den zou Säite vun der Bréck misste béidsäiteg op enger grousser Streck frësch anniveléiert ginn. Dëst war awer schwéier ze realiséieren ouni nach eng aner Bréck déi knapps 400 Meter dovun ewech steet och ëmänneren ze mussen.

Firwat 2 getrennt Béi? änneren

D'Bréck geet an engem Wénkel vu 45° iwwer d'Sambre. Als Folleg dovun gëtt de Bou souwisou méi laang wéi wa se mat 90° queesch driwwer géif goen. Duerch de 45 Grad-Wénkel gëtt awer net nëmmen d'Achs vum Bou méi laang, mä et kënnt nach dobäi datt duerch déi Verwénkelung och d'Widderlager méi wäit vum Uwänner musse stoe kommen.Duerch de Bau vu getrennte Béi a Widderlager konnte sou puer Meter an der Längt gespuert ginn. Materialkäschte konnten doduerch och méi niddreg gehale ginn.

D'Gleiser änneren

D'Gleiser leien op engem normale Ballast dee 25 cm déck ass an d'Schwellelängt gouf op 2.20 Meter reduzéiert.

Chronologie vum Bau änneren