Pompelspäicherwierk vu Montézic

D'Pompelspäicherwierk vu Montézic ass e Waasserkraaftwierk um Territoire vun de Gemenge Montézic, Saint-Hippolyte, Campouriez a Saint-Symphorien-de-Thénières am Norde vum Aveyron. Mat enger Nennleeschtung vun 910 Megawatt ass et dat zweetgréisst a Frankräich. Et ass grad wéi déi dat vu Veianen an dat vu Coo e rengt Pompelspäicherwierk, d. h. datt an den ieweschte Baseng kee Waasser vun uewen derbäikënnt dat bei der Stroumproduktioun géif an d'Gewiicht falen.

STEP vu Montézic
Haaptstaumauer vum ieweschte Baseng
Informatiounen
Land Frankräich
Gemengen Montézic
Saint-Hippolyte
Campouriez
Saint-Symphorien-de-Thénières
Geographesch Lag
ieweschte Baseng
44° 43’ 34.82’’ N
      02° 39’ 26.73’’ O
Héicht (NGF) 703,00 m.
Geographesch Lag
ënneschte Baseng
44° 41’ 46.13’’ N
      02° 35’ 08.37’’ O
Héicht (NGF) 295,5 m.
Alafdebit 273 /s
2 Drockleitungen
Niveausënnerscheed 423 m
Volume vum Séi 32,5 hm3
Turbinnen 4 Turbinne-Pompelen
Leeschtung 910 MW
Baujoer 1976-1981
A Betrib zanter 1981

De Komplex besteet aus dräi Haaptdeeler:

  • Den ieweschte Baseng mam Séi vu Montézic mat engem Waasservolume vun 32,5 Millioune Meter Kipp hanner dem Barrage de Monnès an der Digue de l'Étang a mat dem Virbarrage vu Saint-Gervais mat dem Séi vu Saint-Gervais a mat der Digue vu Liaussac mat dem Oflaf an d'elektresch Zentral.
  • Hielekraaftwierk, 400 Meter ënner dem Buedem, mat 4 Turbinne-Pompelgruppen. D'Turbinnegruppe stinn 20 Meter ënner dem Mindestniveau vum Barrage vu Couesques, sou datt se ëmmer ënner Waasser stinn, fir Loftblosen ze vermeiden.
  • Den ënneschte Baseng zu Couesques um Laf vun der Truyère deem säi Waasser do mam Barrage vu Couesques gestaut gëtt, deen doriwwer eraus als Lafkraaftwierk funktionéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren