Barrage vu Monnès

(Virugeleet vu(n) Barrage de Monnès)

De Barrage vu Monnès och Digue vu Monnès oder och Barrage vu Montézic genannt, obschonn et net den eenzegen do ass, ass eng Staumauer um Territoire vun der Gemenge Montézic a Saint-Symphorien-de-Thénières am Departement Aveyron. Et ass eng vun de Staumaueren déi zum Komplex vum Pompelspäicherwierk vu Montézic gehéiert, an déi gréisst vun deenen zwou um Séi vu Montézic, de klenge Virbarrage vu Saint-Gervais an d'Digue vum Auslaf bei Liaussac net matgerechent.

Barrage vu Monnès
D'Staumauer vu Monnès vu lénks gesinn
Informatiounen
Land Frankräich
Gemeng Montézic
Geographesch Lag 44° 43’ 34.82’’ N
      02° 39’ 26.73’’ O
Héicht 57,00 m.
Längt 820,00 m.
Breet Fong: 210,00 m
Kroun: 7,00
Héicht Kroun 705,00 (NGF)
Bauvolumen 1.600.000
Typ Gewiichtsstaumauer
Material Gestécks / Bëtongsmasque flossop
Baujoer 1976-1981
A Betrib zanter 1981
Héichwaasserevakuatioun Iwwerlaf op der Säit (40/s)
Vidange 2 Flaachschiberen

D'Mauer steet am Dall vum Ruisseau des Vergnes, enger Baach déi wéineg Afloss op d'Fëllverméigen huet[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Barrage vu Monnès – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Staumauer vu Monnès no ënne gesinn

Referenzen an Notten änneren

  1. Verschidden Internetsäite ginn d'Plane als Zoufloss un. Déi ass awer en Niewefloss vun der Vergnes. (cf. Sandre)