Polarkreis 18
Polarkreis 18 ass eng Popgrupp vun Dresden, déi sech aus der Band Jack of all Trades entwéckelt huet. Stilistesch mësche Polarkreis 18 Pop, Synthie-Pop, Postrock an Indietronic.
Polarkreis 18 | |
---|---|
Polarkreis 18 (2009) | |
Genre: | Synthiepop, Indietronic, Postrock |
Land: | Däitschland |
Grënnung: | 1998 als Jack of All Trades 2004 als Polarkreis 18 |
Websäit: | www.polarkreis18.de |
Memberen | |
Gesank, Gittar, Piano: | Felix Räuber |
Gittar, Piano: | Philipp Makolies |
Batterie: | Christian Grochau |
Bass: | Uwe Pasora |
Piano, Gittar, Trompett: | Ludwig Bauer |
Fréier Memberen | |
Gittar: | Hans-Christoph Kotzsch |
Piano, Elektronik: | Silvester Wenzel |
Bandgeschicht
ännerenD'éischt Verëffentlechung vu Polarkreis 18 war en 5-Track-Album am Joer 2004, dat een vun der Band senger Website gratis erofluede konnt. Eng Besonneschheet ass de Klangfilm[1], den 2. Oktober 2005 zu Dresden zur Konzertvisualiséierung fir d'éischt Kéier opgeféiert gouf an zanterhier op de Concerte vun der Band am Hannergrond oder an de Pause gespillt gëtt.
2006 huet d'Band déi zweet Plaz beim "f6 Music Award" gemaach a beim "PlugIn-Festival" gewonnen, woufir se en Kontrakt bei der Plackefirma "Motor Music" krouten. De 16. Februar 2007 ass den Debutalbum "Polarkreis 18" erauskomm.
Am Februar 2008 huet d'Band am Virprogramm bei der Däitschland-Tournee vun de Smashing Pumpkins gespillt. Am Oktober 2008 ass den Titelsong Allein Allein zum Film Krabat verëffentlecht ginn, deen et op déi éischt Plaz vun den däitsche Singlecharts gepackt huet. Och an Éisträich (#2) an der Schwäiz (#7) huet en et an d'Top 10 bruecht. Den däitsch-, englesch- an däneschsproochege Remix Allein, alene vun der Rockgrupp Nephew war am Oktober 2008 op der drëtter Plaz an den dänesche Single-Charts. Den zweeten Album vu Polarkreis 18 mam Titel The Colour of Snow koum de 17. Oktober 2008 eraus.
Am November 2010 huet Polarkreis 18 den Album Frei publizéiert, vun deem Unendliche Sinfonie déi éischt Singleauskopplung war.
Discographie
ännerenAlbumen
änneren- 2002: Teaser (als Jacks Of All Trades)
- 2007: Polarkreis 18
- 2008: The Colour of Snow
- 2010: Frei
Singles
änneren- 2008: Allein Allein
- 2009: The Colour of Snow
- 2009: Happy Go Lucky
- 2010: Unendliche Sinfonie
Polarkreis 18 zu Lëtzebuerg
ännerenPolarkreis 18 ass zweemol zu Lëtzebuerg opgetrueden: de 7. August 2009 um e-Lake festival zu Iechternach an den 8. Abrëll 2011 an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht
Referenzen
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Polarkreis 18 – Biller, Videoen oder Audiodateien |