Charles Gounod

franséische Komponist

De Charles Gounod gebuer de 17. Juni 1818 zu Paräis a gestuerwen den 18. Oktober 1893 zu Saint-Cloud, war e franséische Komponist.

Charles Gounod
Gebuertsnumm Charles-François Gounod
Gebuer 17. Juni 1818
Paräis
Gestuerwen 18. Oktober 1893
Saint-Cloud
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Musikolog, Musekspedagog, Organist, Komponist
Member vun Académie des beaux-arts

Biographie änneren

De Charles-François Gounod war de Jong vum Moler François-Louis Gounod. Nodeem hie säi Kolléisch am Lycée Saint-Louis fäerdeg hat, huet hie beim Antoine Reicha an dunn um Conservatoire de Paris, beim Jacques Fromental Halévy Harmonie a beim Jean-François Lesueur Kompositioun studéiert. 1839 huet hien de Grand Prix de Rome fir seng Kantat Fernand kritt. Hien huet vu sengem Openthalt an der Villa Médicis profitéiert fir besonnesch seng Kenntnesser iwwer déi reliéis Musek ze verdéiwen, ënner anerem iwwer déi vum Palestrina.

1859 gouf am Théâtre Lyrique seng Oper Faust, nom Drama vum Johann Wolfgang von Goethe, opgeféiert, an där d'Marguerite vum Faust verféiert gëtt, nodeem hien dem Däiwel seng Séil verkaaft hat. Wéinst der aussergewéinlecher Partitioun war de Succès grouss an am éischte Joer ware 70 Opféierungen.

1867, huet hien d'Oper Roméo et Juliette komponéiert, nom Stéck vum Shakespeare.

Wann de Gounod fir seng Opere berüümt gouf, dann huet hien awer och zwou Sinfonien an eng Petite symphonie fir zéng Blosinstrumenter (1885) geschriwwen, sou wéi och reliéis Musek, dorënner säi bekannten Ave Maria.

Haaptwierker änneren

Period Titel Representatioun Typ Detailer
Operen
1858 Le Médecin malgré lui Théatre lyrique
1859 Faust Théatre lyrique Oper onmëttelbar 200 Representatiounen, dunn nei opgefouert 1869 mat engem Balett (iwwer 500 Representatioune bis 1887)
1860 La Colombe Bade Reprise an der Opéra comique am Joer 1866
1861 Philémon et Baucis Théatre lyrique
1862 La Reine de Saba Oper a véier Akten
1864 Mireille Théatre-lyrique No engem Gedicht vum Mistral
1867 Roméo et Juliette Théatre-lyrique Oper a fënnef Akten No engen 100 Representatiounen, gouf d'Oper och an der belscher an éisträichescher Haaptstad opgefouert, wou se laang um Programm blouf.
1872 Les Deux Reines Salle Ventadour No engem Drama vum Legouve
1873 Jeanne d'Arc à la Gaîté Zeenemusek
1877 Cinq-Mars Opéra Comique Opéra
1878 Polyeucte Oper
1881 Le Tribut de Zamora Oper a véier Akten
1882 La Rédemption Birmingham Oratorio
1851 Sapho Oper
Reliéis, instrumental, sinfonesch a Vocalmusek
Mass vun der Jeanne d'Arc
Mors et Vita (Oratorio pour soli, chœur et orchestre, gouf 1885 um Festival vu Birnimgham fir d'éischt opgeféiert)
Patriotesch Musek
La statue de la Liberté, Kantat, déi zu New York opgefouert gouf
Petite symphonie, fir 9 Blosinstrumenter
Vill Melodië mat franséischem Text (z. B.: Sérénade de Hugo, Le soir nom Lamartine, Venise nom Musset)

No him benannt änneren

Fir un de Gounod z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss no him genannt.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Gounod – Biller, Videoen oder Audiodateien