Poison (Film 2024)
Poison ass e Film vun der lëtzebuergescher Schauspillerin a Filmregisseurin Désirée Nosbusch. En hat seng Première de 5. Juli 2024 um Filmfest München.[1] E koum am Januar 2025 an Däitschland an am Mäerz 2025 zu Lëtzebuerg an d'Kinoen.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Holland Vereenegt Kinnekräich |
Produktiounsjoer | 2021-2022 |
Première | 2024 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Désirée Nosbusch |
Dréibuch | Lot Vekemans |
Fotografie | Judith Kaufmann |
Produzent | Alexandra Hoesdorff |
Produktiouns- gesellschaft | Deal Productions |
Schauspiller | |
Tim Roth Trine Dyrholm | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Film erzielt en Treffen tëscht engem Mann an enger Fra, zéng Joer nodeem hiert Kand bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum. Déi Renconter ass um Kierfecht, kuerz éier dem Jong säi Kierper soll exhuméiert ginn, well am Buedem, an deem hie begruewen ass, Gëftstoffer sinn.
Filmproduktioun
ännerenPoison ass inspiréiert vum Theaterstéck mam selwechten Numm vun der hollännescher Dramatikerin Lot Vekemans. D'Regisseurin Désirée Nosbusch hat 2014 am Kasemattentheater d'Roll vun der Mamm Edit gespillt, zesumme mam Germain Wagner als Papp.[2][3] Kuerz drop huet si sech mat der Lot Vekemans getraff, déi der Désirée Nosbusch den Accord ginn huet, d'Stéck ze verfilmen wa si selwer d'Dréibuch kéint schreiwen.[3]
Bis zum Enn vun den Dréiaabrechte sollte méi wéi aacht Joer vergoen. Den Ufank vun den Dréiaarbechte war ursprénglech fir den August 2021 geplangt,[2] mee goufe verluecht a waren tëscht dem 31. Januar an dem 3. Mäerz 2022. Déi éischt Woch gouf an Holland gedréint, de Resch dunn zu Lëtzebuerg, dorënner um Kierfecht vu Veianen.[3][4]
D'Haaptrolle goufe vum Englänner Tim Roth an der Dänin Trine Dyrholm gespillt.
De Budget louch bei 4 Milliounen Euro. De Film ass eng Koproduktioun tëscht der lëtzebuergescher Filmgesellschaft Deal Productions, déi 73% vum Budget bäigedroen huet, der hollännescher Phanta Film (17%) an der englescher Filial vum däitsche Studio Hamburg (10%).[2] Deal Productions krut eng Produktiounshëllef vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 2,7 Milliounen Euro.[5] De Film krut och e Subside vum hollännesche Filmfong.[3][4]
De Film hat de 5. Juli 2024 um Filmfest München seng Première.[6]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Poison - eine Liebesgeschichte. Fiche op filmfest-muenchen.de, nogerkuckt 06.07.2024.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 cineuropa.org: Désirée Nosbusch prepares Poison, her first fiction feature film as director vum Guilhem Caillard (26. Februar 2021)
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 blickpunktfilm.de: Désirée Nosbusch gibt ihr Regiedebüt: "Weil ich es machen muss" vum Thomas Schultze (10. Mäer 2022)
- ↑ 4,0 4,1 chronicle.lu: Désirée Nosbusch’s Drama 'Poison' Wraps Production in Luxembourg vum JCA (19. Mäerz 2022)
- ↑ Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 15
- ↑ "Désirée Nosbuschs Regiedebüt überzeugt in München." wort.lu [w+], 06.07.2024.