Plinius (Moundkrater)
Moundkrater
De Plinius ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit, tëscht dem Mare Serenitatis an dem Mare Tranquillitatis am Süden. Nordwestlech vum Plinius enden d'Montes Haemus am Ausleefer vum Promontorium Archerusia. E System vu Moundrillen, d'Rimae Plinius, verlafe vun do an nordëstlecher Richtung.
Koordinaten | 15°21'36"N, 23°36'36"O |
---|---|
Duerchmiesser | 41,3 km |
Déift | 3.070 m |
Genannt no | Plinius den Eeleren |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ12 |
De Krater weist eng extreem Terrasséierung an en Zentralbierg am Kär vum Krater op. De Krater gouf am Joer 1935 vun der IAU no dem réimeschen Naturfuerscher Plinius offiziell genannt.
Plinius | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
A | 13.0° N | 24.2° E | 4 km |
B | 14.1° N | 26.2° E | 5 km |
Um Spaweck
änneren- Plinius op The-Moon Wiki