Plancher-les-Mines

franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône

Plancher-les-Mines ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône an der Bourgogne-Franche-Comté.

Plancher-les-Mines
Vue op d'Uertschaft

Vue op d'Uertschaft
Vue op d'Uertschaft
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Haute-Saône
Arrondissement Lure
Kanton Héricourt-1
Postcode 70290
Gemengecode 70414
Koordinaten 47° 45’ 42’’ N
      06° 44’ 35’’ O
Fläch  2 559 ha
Bevëlkerung  1 010 (2014)

D'Gemeng gehéiert zu den 198 Gemengen déi de Parc naturel régional des Ballons des Vosges bilden.

Se läit op enger Héicht vu 483 bis 1.215 Meter am Dall vun der Rahin, deen tëscht dem Ballon d'Alsace an dem Ballon de Servance läit.

Vum 15. Januar 1885 bis den 1. Mäerz 1938 war Plancher-les Mines un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Linn Ronchamp - Saint-Antoine vun de Chemins de fer vicinaux de Haute-Saône

An der Uertschaft déi haut nach knapps 1.000 Awunner zielt, hunn am Ufank vum 20. Joerhonnert bis zu 3.000 Leit gewunnt, déi a klengen Industrië wéi Biischtefabrécken, Géissereien, an Atelieren an deene Schrauwen, Boulonen, Schlässer a Fënsterreedele fabrizéiert goufen, hir Bréidercher verdéngt hunn.

Den industriellen Opschwonk vum 19. Joerhonnert an der Géigend hat seng Originnen an de Minièren an deenen do zanter dem 12. Joerhonnert, Sëlwer-, Eisen-, Bläi- a Molybdèneäerzer exploitéiert gouf.

Leit déi mat Plancher-les-Mines ze dinn hunn änneren

Kuckt och änneren