Pit van Rijswijck

lëtzebuergesche Sportler

De Pit van Rijswick, gebuer de 7. November 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Marathon- an Ultramarathonsleefer.

Pit van Rijswijck
Gebuer 7. November 1986
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

2023 huet hie sech am World Marathon Challenge, deen dra besteet a 7 Deeg 7 Marathonen op 7 Kontinenter ze lafen, als 2. placéiert mat enger Duerchschnëttszäit vun 3 Stonnen a 24 Minutten pro Marathon.[1] Hien ass domat den éischte Lëtzebuerger, dee Member beim Intercontinental Marathon Club ass, e Club, deen 2023 195 Membere gezielt huet.

Mat sengem Projet Running Against Cancer huet hien duerch dësen Challenge 109.777,42 € fir d'Fondation Cancer gesammelt[2], déi d'Recherche géint de Glioblastom, e Gehiertumor, ënnerstëtzt.

2023 gouf hien am Kader vum Sportler vum Joer mam Präis Ultra Sport ausgezeechent.[3]

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Meedercher. Säi Monni ass de John van Risjwijck.

Palmarès änneren

Hien ass eng 30 Marathone gelaf an huet u follgenden Ultramarathonen[4] deelgeholl:

  • 2010 - Tour de Tirol
  • 2013 - Swissalpine Marathon, 77,5 km (9:25:16)
  • 2013 - 2. beim DKV Urban Trail, La Grande Ducale, 56 km (4:35:14)
  • 2014 - 100 km de Bienne (9:41:42)
  • 2015 - Polar Bear Challenge, Grönland - 2. Plaz am Marathon (3:32:20), am Semimarathon (1:43:45) an am Generalklassement (5:16:05)
  • 2016 - 54. am Zugspitzmarathon (8;07:49,3)
  • 2019 - 42. am Stubai Ultratrail, 65 km (14:56:50)
  • 2023 - 2. am World Marathon Challenge

Referenzen änneren

  1. World marathon challenge 2023. Gekuckt de(n) 3.11.2023.
  2. (de)Sie setzen sich für den Kampf gegen Krebs ein | Fondation Cancer. www.cancer.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-03.
  3. Sportler vum Joer 2023: Lëschte vum Sportler, Sportlerin, Trainer an Ekipp vum Joer sinn eraus.. rtl.lu (07.11.2023). Gekuckt de(n) 07.11.2023.
  4. Ultra Marathon Statistics: Pit van Rijswijck. Gekuckt de(n) 03.11.2023.