Pierre Stehres

lëtzebuergesche Geeschtlechen an 1. Direkter vum Progymnase vun Dikrech


De Pierre Stehres, gebuer den 13. Abrëll 1804 zu Furen a gestuerwen den 18. Oktober 1883 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen an éischten Direkter vum Progymnase zu Dikrech.[1]

Pierre Stehres
Gebuer 13. Abrëll 1804
Furen
Gestuerwen 18. Oktober 1883
Dikrech
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Pierre Stehres huet 1823 säi Secondaire am Athenäum mat der Première ofgeschloss. Duerno, well hien nach ze jonk war fir an de Lëtzebuerger Seminaire ze goen, aas hien zu Tréier ënner anerem an Hebräesch Coursë gaangen. No engem weidere Studium zu Louvain ass hien zu Tréier op de Seminaire gaangen a gouf do 1834 zum Priister geweit. Duerno huet hien op der Universitéit zu Bonn orientalesch Sprooche studéiert.

Am November 1830 war hien ee vun de Grënner vun der Mëttelschoul (Gymnase) zu Dikrech, deen 1841 an e Progymnase ëmgewandelt gouf. Hie gouf d'éischt Rektor an duerno Direkter vun där Schoul an huet déi Plaz bis 1871 behal.

De Pierre Stehres huet nieft enger Rei vu Schoulbicher och Aufsätz a Studien iwwer Pedagogik a Lokalgeschicht publizéiert.

1875 huet hie seng Erliefnesser vun enger Rees, déi hien 1872 duerch d'Schwäiz, Italien, Palestina, Griicheland, déi haiteg Tierkei an Egypten gemaach hat, publizéiert.

Referenzen änneren

  1. Roger Muller / Josiane Weber: Pierre Stehres op www.autorenlexikon.lu