Pierre Droessart

De Pierre Droessart, gebuer den 30. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg, ass Moler, deen och am Modelage schafft.

LiewenÄnneren

No senger Primärschoul zu Bouneweg ass hien an de Kolléisch gaangen, duerno an de Stater Jongelycée, huet awer säin Ofschloss am Kolléisch gemaach.

1943 gouf hien zwangsrekrutéiert, konnt sech awer 1944 erëm op Lëtzebuerg duerchschloen.

Am Abrëll 1945 hie sech an zu Paräis an der "Ecole nationale supérieure des Beaux Arts" ageschriwwen a parallel dozou Coursen am "Institut d'Art et d'Archéologie" beluecht. 1948 goung hien op Lëtzebuerg zréck an huet säi Stage pédagogique am Lycée de Jeunes Filles an am Lycée de Garçons gemaach. 1953 huet hie sech mat der Musikerin Marianne Bintner bestuet. Si hunn 3 Kanner.

Bis zu senger Pensioun 1986 huet de Pierre Droessart als Zeecheprofesser am Escher Jongelycée an am Stater Kolléisch geschafft.

WierkerÄnneren

De Pierre Droessart ass bekannt fir seng Portraiten, seng Landschaften a seng "Natures mortes".

Den Aadler um Patton-Monument zu Ettelbréck ass vum Pierre Droessart.

QuellÄnneren