Phosphat-Kallekgrouwe vu Ciply a Cuesmes

D'Phosphat-Kallekgrouwe vu Ciply bei der belscher Stad Mons, ginn drop zeréck wéi de Phosphat um Enn vum 18. Joerhonnert als Düngemëttel erkannt gouf. Doduerch sinn zu Ciply an zu Cuesmes, am Hainaut, Grouwen entstanen, déi en Areal vun iwwer 900 ha ëmfaassen.

Geschichtleches änneren

D'Entdeckung vum Phosphat als Düngemëttel um Enn vum 18. Joerhonnert koum geleeën, wéi am Ufank vun der Industrialisatioun d'Bevëlkerung gewuess ass an hir Aktivitéit am Industriesecteur sech vergréissert huet. D'Landwirtschaft, déi ëmmer méi Leit huet misse fidderen, huet no neien Düngemëttele gesicht well d'Method vum natierlechen Düngen an dem Abrenge vu Mergel, déi bis dohi gebraucht gouf, net genuch Rendement bruecht huet.

Fir Phosphater ze kréien goufen am Ufank Schanke gemuel oder calcinéiert. D'Entdeckung vum Phosphat-Kallek huet dunn eng nei Industriebranche entstoe gedoen. D'Geologen a d'Minneningenieuren Alphonse Briart a François Cornet haten 1863 festgestallt datt an der Géigend vu Mons, besonnesch zu Ciply, an der Kräid vu La Malogne bei Cuesmes de Phosphatgehalt bis zu 30 % war.

E Joer duerno hat d'Industrie, déi do an der Géigend am Biergbau fir Kuelenextractioun schonn etabléiert war, e Procedé entwéckelt fir de Kallek vum Phosphat ze trennen. E gouf direkt zu Ciply agesat an dräi Joer duerno zu La Malogne.

Den Erfolleg huet net op sech waarde gelooss. Tëscht 1880 an 1890 waren 10 Entreprisen domat beschäftegt déi phosphathalteg Kräidbänken z'exploitéieren. Wéi déi räichst Lageren ofgebaut waren sinn déi Entreprisë lues a lues verschwonnen. Virun 1930 hate sech schonn e puer Gesellschaften zesummegeschloss an déck investéiert fir den Ofbau ze rentabiliséieren. Vun 1920 un ass d'Produktioun lues a lues erofgaangen an nom Zweete Weltkrich war et ganz domat eriwwer. Sou war an Zäit vu ronn 70 Joer eng Fläch vun iwwer 900 ha ënner dem Buedem ofgebaut ginn.

Fir de Kallek aus de Grouwen erauszekréien gouf en op Buggie gelueden déi aus de Säitegalerië mat der Hand an eng Haaptgalerie gedréckt goufen. Vun do goufe se maschinell bei ee vun de Fërdertierm gezunn. Et gouf och eng schif Ramp fir d'Material aus der Grouf erauszekréien.

Nodeem d'Industrie de Steebroch opginn hat hu sech Champignonsziichter an der Grouf installéiert an hu vun der Päerdsmëscht aus der Kasär vu Mons, wou e Régiment de chasseurs à cheval stationéiert war, profitéiert fir hir Dréischleken ze zillen.

Hautdesdaags déngen d'Grouwe der Wëssenschaft. Geologen a Paleontologen hunn do hiren Terrain fir no Fossilien ze sichen an d'Urankonzentration, déi do ganz héich ass, ze studéieren.

Eng grouss Partie vum Steebroch, déi ënner Waasser steet, liwwert Drénkwaasser fir d'Awunner an der Géigend.

Am Wanter kommen d'Fliedermais an d'Galerien hire Wanterschlof halen.