De Peter Benenson, gebuer den 31. Juli 1921 a gestuerwen de 25. Februar 2005 zu Oxford, war e britteschen Affekot a Politiker vun der Labour Partei. Et war hien, deen 1961 Amnesty International gegrënnt hat.

Peter Benenson
Gebuer 31. Juli 1921
London
Gestuerwen 25. Februar 2005
Oxford
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Balliol College,
Eton College
Aktivitéit Affekot, Politiker, Mënscherechtler, Jurist
Partei Labour Partei

1961 huet de Benenson vun zwéi portugisesche Studente gelies, déi zu Lissabon verhaft, an zu siwe Joer Prisong verurteelt si ginn. Si haten e Patt op d'Fräiheet gedronk. Dat war an der Regierungszäit vum Diktator António de Oliveira Salazar duergaangen, fir virun e Geriicht ze kommen.

Den 28. Mee 1961 huet déi d'brittesch Zeitung The Observer en Artikel mam Titel Déi vergiesse Gefaangen iwwer dee Fall an anerer vum Benenson erausbruecht, an deem hien d'Lieser dozou oprifft, sech fir déi politesch Gefaangen an der ganzer Welt anzesetzen, déi nëmme wéinst hirer Hautfaarf, hire reliéisen oder politeschen Iddien agespaart, verurteelt, gefoltert an higeriicht ginn. Hien hat sech virgestallt, d'Leit sollten deene jeeweilege Regierunge Bréiwer schreiwen, an domat moraleschen Drock op déi maachen, déi menge si kéinten, vun der Weltëffentlechkeet onbemierkt, d'Mënscherechter mat Féiss trëppelen.

Dem Benenson säin Artikel gouf vu villen europäeschen Zeitunge wéi Le Monde, déi italieenesch Corriere della sera an d'International Herald Tribune publizéiert.

Déi Aktioun, spéider „Appeal for Amnesty, 1961“ genannt, war d'Gebuertsstonn vun Amnesty International.

De Peter Benenson ass de 25. Februar 2005 an de spéiden Owesstonnen am John Radcliffe Hospital zu Oxford gestuerwen.

Um Spaweck änneren