Percival Lowell
De Percival Lowell, gebuer den 13. Mäerz 1855, a gestuerwen den 12. November 1916, war en US-amerikaneschen Astronom. Hie staamt aus enger vun de räichsten an ugesinnste Patrizierfamillje vu Boston. Seng Schwëster Amy Lowell war eng berüümt Dichterin, a säi Brudder Abbott Lawrence Lowell war President vun der Harvard Universitéit.
Percival Lowell | |
---|---|
Gebuer |
13. Mäerz 1855 Boston |
Gestuerwen |
12. November 1916 Flagstaff |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Geschäftspersoun, Schrëftsteller, Entreprener, Diplomat |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Dem Lowell säin Intressi fir d'Astronomie gouf duerch d'Planéitenobservatioune vum Giovanni Schiaparelli erhéicht, besonnesch awer duerch deem seng Entdeckung vun de "Marskanäl" bei der Oppositioun vum Joer 1877. Ausgeléist duerch joreszäitlech Verwerfungen um Mars entstoung doduerch beim Lowell a beim Camille Flammarion d'Virstellung, d'Kanäl ("Canali") kéinte kënschtlech Kanäl fir d'Bewässerung vum dréchene Roude Planéit sinn.
Dës Meenung ass vun de Medie grouss opgeholl a weider gesponne ginn, an et entstoungen d'"Marsianer"-Manien an eng Rei vu Science-Fiction-Literatur. Eréischt duerch d'Raumsonden aus den 1960er-Jore goufen d'Canali als kënschtlech Struktur widderluecht.
Fir d'Planetologie ze begënschtegen, huet de Lowell am Joer 1894 de Lowell-Observatoire zu Flagstaff, Arizona gegrënnt, wou intensiv Studië vum Mars, der Venus an den anere Planéite souwéi vun der Mëllechstrooss gemaach goufen. 1930 gouf do den Pluto entdeckt a krut - aus duebelem Grond – d'Ofkierzung "PL".
Zimmlech séier hat de Lowell aus sengem Hobby eng erfollegräich Wëssenschaft gemaach. Et war him gelonge ganz gutt Fachleit (z. B. den A. E. Douglass) fir säin Institut ze gewannen. Bis haut huet säin Observatoire en ausgezeechente Ruff a beschäftegt sech am Ament mat der Asteroidefuerschung.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Percival Lowell – Biller, Videoen oder Audiodateien |