D'Taurus war eng amerikanesch Drorakéit, déi vum fréiere Konzern Orbital Sciences Corporation gebaut gouf. D'Taurus war eng Variant vun der Pegasus-Rakéit, déi vum Buedem aus gestart gouf a bei där dofir den Drofliger duerch déi éischt Stuf vun der Peacekeeper-Interkontinentalrakéit oder hirem kommerziellen Derivat, der Castor-120-Stuf, ersat gouf.

Opbau vun der Taurus-Rakéit

Hir Notzlaaschtkapazitéit war jee no Versioun tëscht 1180 a 1450 kg an enger niddreger Ëmlafbunn. Den éischte Start war 1994, mat souwuel militäresche wéi och kommerziellen Notzlaaschten. Nom zweete Feelstart vun enger Taurus 3110 hannereneen huet d'NASA de Startvertrag mam OCO 2 gekënnegt. Eng Neiqualifikatioun vun der Rakéit war viru weidere Starten néideg.[1]

Versiounen änneren

Hire modulären Opbau erlaabt jee no Bedarf verschidde Konfiguratiounen:

Rakéit Stufen 1. Stuf 2. Stuf 3. Stuf 4. Stuf Notzlaascht (kg)
Taurus-1110 4 TU-903 Orion-50S Orion-50 Orion-38 1180 kg
Taurus-2110 4 Castor-120 Orion-50S-G Orion-50 Orion-38 1250 kg
Taurus-2210 4 Castor-120 Orion-50S-G Orion-50 Orion-38 1050 kg
Taurus-3110 (Taurus-XL) 4 Castor-120 Orion-50SXL Orion-50XL Orion-38 1450 kg
Taurus-3210 (Taurus-XL) 4 Castor-120 Orion-50SXL Orion-50XL Orion-38 1275 kg

Startlëscht änneren

Komplett Startlëscht vun der Taurus-Rakéit. Stand: 4. Mäerz 2011

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Ser.-Nr. Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Notzlaascht a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkungen
1 13. Mee 1994 Taurus-1110 T-1 Va 576E STEP 0, DARPASAT Zwéin militäresch Technologiesatellitten 706 kg ? Erfolleg
2 10. Februar 1998 Taurus-2210 T-2 Va 576E GFO, Orbcomm FM 3, Orbcomm FM 4, Celestis 02 Militäreschen Ozeanographiesatellit, zwee Kommunikatiounssatellitten, Weltraumbegriefnes >500 kg ? Erfolleg
3 3. Oktober 1998 Taurus-1110 T-3 Va 576E STEX, ATEx Zwee militäresch Technologiesatellitten >53 kg ? Erfolleg
4 21. Dezember 1999 Taurus-2110 T-4 Va 576E KOMPSat 1, ACRIMSat, Celestis 03 Koreaneschen Äerdobservatiounssatellit, Klimafuerschungssatellit, Weltraumbegriefnes >589 kg ? Erfolleg
5 13. Mäerz 2000 Taurus-1110 T-5 Va 576E MTI Militäreschen Technologiesatellit 587 kg ? Erfolleg
6 21. September 2001 Taurus-2110 T-6 Va 576E OrbView 4, QuikTOMS, SBD, Celestis 04 Äerdobservatiounssatellit, Klimafuerschungssatellit, Technologienotzlaascht, Weltraumbegriefnes >607 kg ? Feelstart Problem no der Trennung vun der 1. Stuf, Orbit gouf net erreecht
7 20. Mee 2004 Taurus-3210 T-7 Va 576E FORMOSAT-2 Taiwaneschen Äerdobservatiounssatellit 764 kg ? Erfolleg
8 24. Februar 2009 Taurus-3110 ? Va 576E OCO Äerdobservatiounssatellit 407 kg ? Feelstart Keng Trennung vun der Notzlaaschtverkleedung
9 4. Mäerz 2011 Taurus-3110 ? Va 576E Glory, E1P, KySat 1, HERMES Ärdobservatiounssatellit, Cubesats 548 kg ? Feelstart Keng Trennung vun der Notzlaaschtverkleedung[2]

¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehais etc.)

² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht, mä d'Bunn, op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.

Taurus II änneren

Déi däitlech méi grouss Antares-Rakéit, déi an Entwécklung ass, war ufanks als Taurus II bezeechent ginn, obwuel si technesch der Taurus-Rakéit net geglach huet. Den 12. Dezember 2011 hat d'Orbital bekannt ginn, datt den Numm vun der Rakéit vun Taurus II op Antares geännert gouf.[3]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Taurus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (en) Stephen Clark: Carbon-sniffing satellite faces one-year delay. In: spaceflightnow.com, 10. Februar 2012, gekuckt den 12. Februar 2012.
  2. Spaceflight Now: NASA science satellite lost in Taurus launch failure
  3. Orbital: Orbital Selects "Antares" as Permanent Name for New Rocket Created by the Taurus II R&D Program − Company Brands Medium-Class Launch Vehicle in Preparation for First Flight in 2012