Paysage de Cannes au crépuscule

Paysage de Cannes au crépuscule ass en Tableau deen de Pablo Picasso den 30. Mäerz 1960 gemoolt huet. En ass mat Ueleg op Toile gemoolt an ass 130 × 195 cm grouss.[1] D'Bild ass figurativ; ze gesinn ass eng Vue aus enger Fënster oder enger Terrassendier op eng Landschaft mat Beem, an där doruechter vereenzelt Haiser stinn, nieft engem vun deenen e Kran steet. Vir am Bild ass e fer-forgés Glänner mat an der Mëtt enger Zort Kloterplanz oder Aascht, dee vun ënnen eropwiisst. Um Gleänner sëtze riets a lénks wat eng brong an eng wäiss Dauf ze si schéngen. Et ass den eenzege bekannten Tableau vum Picasso am Besëtz vun enger ëffentlecher Sammlung zu Lëtzebuerg.

Den Tableau gehéiert zanter 1999/2000 dem Lëtzebuerger Finanzministère. 1999 war e fir eng Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht vun enger Schwäizer Galerie ausgeléint ginn. Do ass en de leschten Dag um Rand liicht geschréipst ginn. D'Galerie huet eng héich Entschiedegung gefrot an amplaz déi ze bezuelen, huet de Finanzministère deemools decidéiert, d'Bild fir 6 Milliounen Dollar ze kafen.[2]

Duerno ass versicht ginn, d'Bild ze versteeën, mä et krut een net dee gewënschte Präis an d'Bild koum an e Lager op Genf. 2002 huet den deemolege Finanzminister Jean-Claude Juncker säin Accord ginn, d'Bild un den Nationalmusée auszeléinen, wou et bis uganks 2014 houng.[2]

Am Oktober 2014 gouf d'Geschicht vun der Acquisitioun vum Bild bekannt gemaach, an et koum zu Diskussiounen, ob d'Bild sollt oder däerft verkaaft ginn, oder eeben net. De Premierminister Xavier Bettel huet den 22. Oktober 2014 um Briefing vum Regierungsrot kloer gemaach, datt de Staat Proprietär vum Bild bleiwe géif.[3]

Referenzen änneren

  1. Fiche op artnet.com
  2. 2,0 2,1 "Reaktioun Me Vogel: 'Picasso au pays des demeurés'." rtl.lu, Leschten Update: 16.10.2014, 12:37:33.
  3. "Picasso gëtt gehalen, gehéiert dem Staat a Kulturpatrimoine." rtl.lu, Leschten Update: 22.10.2014, 14:20:04.